Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gebuertshaus Lunata bleift zou

Santé

Gebuertshaus Lunata bleift zou

Am Gebuertshaus Lunata zu Bartreng solle fir den Ament weiderhi keng Kanner méi op d'Welt bruecht ginn. Dat huet de Mars di Bartolomeo nach eemol confirméiert. Dëst wier de Fall, well et bis elo net an der Lëtzebuerger Gesetzgebung virgesi wier, esou d'Erklärung vum President vun der zoustänneger Kommissioun.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Oppositiounsparteien déi Lénk an d'Piraten haten am Summer d'lescht Joer allebéid eng Motioun zum Theema Gebuertshaus an der Chamber deposéiert.

Eng Grozon

De Pirate géing et an hirer Motioun virun allem dorëms goen, d'Gesetzeslücken oppen ze leeën an ee klore Kader fir Gebuertshaiser ze schafen, esou de Piraten-Deputéierte Sven Clement. Et hätt ee gemierkt, datt ee sech bei der ganzer Saach an enger immenser Grozon géing beweegen, sou den Deputéierte vun de Piraten.

"Engersäits gëtt et een Akt, anersäits ass deen awer op Wunnuerter limitéiert. Am Hotel géing et eventuell goen. An enger Praxis dann awer rëm net."

D'Nathalie Oberweis vun déi Lénk gesäit de Fall Lunata e wéineg méi nuancéiert. D'Gebuertshaus wier zwar net esou am Gesetz als Institutioun virgesinn, d'Gesetz géing et awer hirer Meenung no och net verbidden.

"Si gesi sech net onbedéngt als Institutioun, si gesi sech net als Service obstétricale, guer net, och mol net annähernd. An ech mengen, wann een et vun der Säit kuckt, kéint ee soen: komm mir loossen dee Centre op bis dann ee Gesetz do ass."

Doheem accouchéieren als Alternativ?

D'Demande vun den zukünftege Mamme wier do. D'Nathalie Oberweis mengt iwwerdeems, datt vill vun deenen déi elo net kéinten an ee Gebuertshaus goen, als Alternativ géingen doheem accouchéieren, well se net wéilten an eng Maternité goen.

D'Gebuertshaus wier do dee méi séchere Wee, esou nach d'Deputéiert vun déi Lénk.

"D'Hiewane vum Centre Lunata hu mir och gesot, datt si u sech lo kéinten d'Wunneng iwwer dem Centre Lunata lounen als Habitation privé an do kéinte Gebuerten accompagnéieren, wat jo een absolutten Nonsense ass."

An engem Aarbechtsgrupp, dee fir eng éischte Kéier am Januar dëst Joer zesummekomm ass, soll elo gekuckt ginn, wéi et mat Lunata an iwwerhaapt mam Konzept vun engem Gebuertshaus soll weidergoen.

Wéi laang et dauere wäert, bis ee gesetzleche Kader steet, konnt de President vun der Santéskommissioun nach net soen.