Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gedanken zum Welthumanistendag

Fräie Mikro

Gedanken zum Welthumanistendag

Gëschter koumen, wei all Joer, Humanisten op der ganzer Welt zesummen, fir de Welthumanistendag ze feieren. De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg fënnt, datt dat eng flott Geleeënheet ass, fir humanistesch Wäerter ze feieren an ze promovéieren. Et ass awer och eng Geleeënheet fir drop opmierksam ze maachen, datt weltwäit nach ëmmer Humaniste wéinst hiren Iwwerzeegunge verfollegt ginn.

auto_stories

4 min

De Bob Reuter ass President vun AHA. Foto: Archiv

De Welthumanistendag gëtt effektiv all Joer um 21. Juni vun Humaniste weltwäit geféiert. Dësen Datum huet eng räich Geschicht. An der Nordhallefkugel markéiert en d'Summersonnewend an an der Südhallefkugel d'Wantersonnewend.

Eng Geleeënheet zeréckzekucken

D'Summersonnewend, eng vun deenen éischten astronomesche Beobachtungen an der mënschlecher Virgeschicht, war essentiell fir d'Iwwerliewe vun eise fréie Virfaren. Et war doduerch ee Moment am Joer vu grousser kultureller Bedeitung an ass iwwer Joerdausenden an där enger oder anerer Form gefeiert ginn. De Welthumanistendag gëtt op deem Datum geféiert, ënner anerem fir unzëerkennen, wéi eng wichteg Roll d'Wëssenschaft gespillt huet an der fréier Entwécklung vun der Mënschheet a bei eisem Verständnis vum Universum. Mee awer och fir eiser gemeinsamer Geschicht vum Zesummefeieren a vun eiser Fäegkeet fir eis artistesch a kreativ auszedrécke Rechnung ze droen.

De Welthumanistendag bitt eis eng flott Geleeënheet fir eis humanistesch Wäerter ze feieren, se no baussen ze droen an se eis nees bewosst ze maachen, mee och fir eis der laanger Traditioun bewosst ze ginn, aus där eis aktuell Virstellunge stamen.

Fir vill Leit sinn hautdesdaags a ville Länner gewëss humanistesch Iddie selbstverständlech, wéi eist Recht op Fräiheet, op Selbstbestëmmung, op Meenungsfräiheet, op Gedankefräiheet, wéi eise Sënn fir Gerechtegkeet, fir Toleranz, fir Oppenheet, fir Frëndlechkeet, fir een eethescht Liewen hei an elo an och eis Wäertschätzung vu Kreativitéit, Erfindergeescht, Vernonft, Wëssenschaft a Fuerschung.

Humaniste sinn net iwwerall op der Welt toleréiert

Dës Iddie waren awer net ëmmer selbstverständlech a sinn et leider och haut net iwwerall. Si stamen awer aus enger laanger Traditioun, déi bis an d'Antikitéit zeréckgeet an op ville Platze vun der Welt entstane sinn an entwéckelt goufen. Si goufen iwwer Joerdausenden a ginn nach haut haart erkämpft vu Männer a Fraen déi dës Wäerter héichgehalen hunn a nach ëmmer héichhalen.

De Welthumanistendag ass dofir eng gutt Geleeënheet dankbar op dëst global Ierwen zréckzekucken a fir eis eiser Verantwortung bewosst ze ginn, fir ëmmer nach an ëmmer rëm dofir ze suergen, datt eis humanistesch Idealer weltwäit unerkannt a gelieft ginn.

Dofir ass et besonnesch wichteg, sech - grad um Welthumanistendag, awer och soss - bewosst ze maachen, datt weltwäit ëmmer nach Humaniste massiv negativ Konsequenzen ze erdroen hunn, wa si zu hire Wäerter stinn, notamment wa si offe soen, datt si net-reliéis sinn a sech net den dogmatesche Reegele vun enger an hirem Land dominanter Relioun ënnerwerfe wëllen.

Mir hoffen ëmmer nach endlech ze héieren, datt eise Frënd Mubarak Bala am Nigeria aus dem Prisong entlooss gëtt. Hien ass scho méi wei ee Joer agespaart, well hien anscheinend de Prophet Mohammed beleidegt hätt. Absurd!

Mënschen hu sech an der Vergaangenheet entscheet fir de Welthumanistendag ze feieren andeems si divers Fester organiséiert hunn, wéi Proklamatiounen, Zeremonien, Picknicken a Partien, Videoen a Konferenzen. Dorunner erkennt een och flott d'Kreativitéit an d'Diversitéit vun der weltwäiter humanistescher Gemeinschaft.

Dëst Joer war dat alles e bëssi méi schwiereg, wéinst der Pandemie, mee mir haten awer gëschter déi grouss Chance fir zesummen, dank dem Internet an der mënschlecher Ingeniositéit, mat eise Frënn aus der ganzer Welt un engem ganz spezielle virtuelle Concert vun engem flamännesch Ensembel fir zäitgenëssesch Musek deelzehuelen, deen eis Frënn vun der Belscher Humanisten Organisatioun deMens.nu organiséiert haten.

Wa mer (hoffentlech) d'nächst Joer de Welthumanistendag fräi vu sanitäre Restriktioune feiere wäerte kënnen, da wäert dat och sinn dank den Errongenschafte vu mënschlecher Kreativitéit, Wëssenschaft a Solidaritéit.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.