Däitschland mécht op Geet Eegeverantwortung duer?

Zënter ronn engem Mount geet an Däitschland dat ëffentlecht Liewe lues a lues nees op. No de Lockerunge bei der Ausgangsbeschränkung sinn och d'Schoulen nees op, genee wei d'Restauranten an d'Coifferen. Vun haut u kënnen a bal alle Bundeslänner och nees d'Hotellen opmaachen. Kéint dat e Risiko sinn, freet de Matthias Kirsch.

Matthias Kirsch / cz

Matthias Kirsch

Wéineg Branchen huet d'Corona-Pandemie esou haart getraff wéi den Tourismus. Net nëmme hu sech honnerte Leit an hirer Vakanz ugestach, wéi zum Beispill am éisträischesche Skigebitt Ischgl - honnerten an dausenden Hotelieren, Restaurants-Bedreiwer an Tour-Organisateuren hunn déi lescht Wochen net nëmme missen méi lues dréinen. Si hu gréisstendeels missen ganz zoumaachen.

Deementspriechend freedeg kuckt déi däitsch Tourismusbranche op den Ufank vun dëser Woch: Well a bal alle Bundeslänner dierfen Hotelszëmmeren neest besat, a Vakanzewunnengen nees verlount ginn. Mee et stellt sech natierlech d'Fro: Ass et ze fréi dofir?

Nees méi Neiinfektiounen

Ween iwwer dëse leschte Weekend déi däitsch Noriichte verfollegt huet, hätt kenne mengen, e wier nees knapps zwee Méint an der Zäit zeréckgesprongen.

Datt et knapps zwou Wochen, nodeems nees ënnert strengsten Hygiènesmesuren nees Massen duerfe gehale ginn, scho rëm esou e Fall gëtt - do kann ee just de Kapp rëselen. Besonnesch, well iwwert de Weekend d'Zuel u Fäll op iwwer 100 geklommen ass - alleguer zeréckzeféieren op ee Gottesdéngscht.

An natierlech sinn et net just Kierchen. Och a Restauranten heefe sech d'Nei-Infektiounen. An alles dat, obwuel all déi Branchen hu misse streng Hygiènespläng virleeën.

Wéi déi däitsch Kanzlerin de Fuerderungen no Lackerungen aus de Bundeslänner virun e puer Wochen noginn huet, hat si ganz däitlech gemaach, wien d'Responsabilitéit hätt, wann et géif schifgoenA nach sinn et jo just Eenzelfäll. Mee trotzdeem brauch et jo net vill, a schonn ass eng zweet Infektiounswell do.

Méi Eegeverantwortung

Ëmsou méi verwonnerlech ass et, datt den thüringesche Ministerpräsident Bodo Ramelow ugekënnegt huet, Ufank Juni déi allgemeng Corona-Mesuren a sengem Bundesland nees opzehiewen. Dobäi sollt eben och net méi ënner Strof stoen, wann een keng Mask unhuet oder kee Mindestofstand anhält.

De Politiker vun Die Linke huet argumentéiert, et misst een de Leit nees méi Eegeverantwortung ginn. Mee an Zäite vun Anti-Corona-Demonstratiounen, vollbesate Parken an enger nees klammender Zuel vu Neiinfektiounen stellt een sech d'Fro, ob dat déi beschte Léisung ass.

Mat der haiteger Ouverture vun den Hotellen wäert och d'Zuel vun de Reesen nees klammen. Et kéint den éischten wierklechen Test sinn, wéi wäit et mat der Eegeverantwortung wierklech ass.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

Danièle Weber Analys
EU-Mesurë geint Coronakris

Däitschland a Frankräich proposéieren ee 500 Milliarden-Euro Hëllefspaak fir d'EU. Dogéint gëtt et elo schonn Oppositioun. Wéi eng Chancen huet dee Plang, fir vun den anere Memberlänner ugeholl ze ginn?

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen