Radioen

On air

De Moien  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geheimdéngscht-Prozess gëtt verréckelt

SREL

Geheimdéngscht-Prozess gëtt verréckelt

De SREL-Prozess gëtt op d'nächst Joer verluecht. Beim Jean-Claude Juncker wier eppes Onprevisibeles dotëschent komm. Den neien Datum fir de Prozess ass nach net festgehale ginn.

auto_stories

2 min

Jean-Claude Juncker

De Parquet huet matgedeelt, datt de SREL-Prozess op d'nächst Joer verluecht gëtt. Beim Jean-Claude Juncker wier eppes Onprevisibeles dotëschent komm. Deemno kéint de fréiere Premier net op enge vun den aacht geplangte Prozessdeeg Enn November an Ufank Dezember als Zeien aussoen. Den EU-Kommissiounspresident sot dem radio 100,7 géigeniwwer, hie géif "op jiddwer Fall" als Zeien aussoen. Mä hien hätt just de véierten Dezember Zäit gehat. Op deem Dag wier awer keng Geriichtsséance méiglech.

De Prozess muss deemno verluecht ginn. En neien Datum fir de Prozess ass allerdéngs nach net festgehale ginn. Dëst Joer ass en awer net méi, seet de Justizspriecher.

Dräi Persoune musse sech viru Geriicht veräntwerten: De fréiere Geheimdéngscht-Chef Marco Mille a seng zwee fréier Mataarbechter André Kemmer a Fränk Schneider. Si kréien éischtens virgehäit, geheim Informatiounen aus dem Geheimdéngscht no hirer aktiver Zäit matgeholl a weidergeleet ze hunn. Zweetens kréie si reprochéiert, de Geschäftsmann an Techniker Loris Mariotto illegal ofgelauschtert ze hunn.

Update: Mëttwoch, 22. November, 09:15

Am Virfeld vum Prozess huet de Marco Mille annoncéiert, eng Plainte géint Onbekannt ze maachen. De Verbatim vum Gespréich mam Jean-Claude Juncker, deen hien 2007 heemlech mat enger Auer opgeholl hat, géifen dem Jean-Claude Juncker seng Aussoen net korrekt erëmginn. Dëse Verbatim ass am Dossier vum Untersuchungsriichter.

De Marco Mille behaapt ausserdeem an engem Communiqué nach eemol, hien hätt eng Autorisatioun vum deemolegen Premierminister Jean-Claude Juncker gehat, fir de Loris Mariotto ofzelauschteren. Elo ass et um Geriicht, dës Fro genau ze klären.