De Weltbiodiversitéitsrot huet fënnef Haaptursaache genannt, déi d'Aartevillfalt weltwäit bedrohen. Dat sinn
- déi verännert Aart a Weis, wéi d'Mënsche Land- a Mieresfläch benotzen,
- ze vill direkt Exploitatioun vun Organismen, zum Beispill duerch Iwwerfëschen, Juegd an d'Fälle vum Bësch,
- de Klimawandel,
- Ëmweltverschmotzung
- friem invasiv Aarten, déi heemesch Déieren- a Planzenaarte verdrängen.
Och zu Lëtzebuerg een Thema
Hei am Land gesäit déi lëtzebuergesch Ëmweltministesch Carole Dieschbourg virun allem zwou Ursaachen, déi en Drock op d'Biodiversitéit ausüben:
"Hei zu Lëtzebuerg ass et esou, datt deen Trend och besteet. Doduerch, datt mir e ganz grousse Siedlungsdrock hunn. Mir versigele ganz vill. Mir zerschneiden. Mir sinn an Europa dat Land, wat am meeschten zerschnidden ass. Mir hunn net vill zesummenhängend Landschaften."
E weidere Grond géif bei der Landwirtschaft leien, seet d'Carole Dieschbourg: et géifen ëmmer manner Strukturelementer an de Zone vertë sinn. An de leschte Joerzéngte wieren et ganz vill eenzel Beem, Hecken oder Blühsträifen net méi ginn.
Konkret géint Aartestierwe virgoen
Am Rapport vum Weltbiodiversitéitsrot ruffen d'Fuerscher Politiker weltwäit dozou op, méi déifgräifend Mesurë géingt d'Verschwanne vun Aarten ze ergräifen. Dat wier e wichtege Message, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.
Hei am Land wieren awer scho Mesuren ergraff gi fir d'Biodiversitéit ze schützen, beispillsweis beim Plange vu grousse Stroosseninfrastrukturen, wou ee probéiert hätt d'Vernetzung vun de Liewensraim duerch Wëldbrécken erëm hierzestellen.
De Gemengen an der Landwirtschaft hëllefen
Och géif een d'Gemenge beim Ausschaffe vu PAGe beroden an hinne soen, wou et besser wier, de Buedem net ze versigelen. Iwwer 17 Prozent vum Land wier Natura 2000-Reseau. Dëst wier kee Schutzgebitt u sech, "mee et ass e Gebitt, wou mir eis gemeinsam Ziler ginn: keng Verschlechterung vun der Biodiversitéit"; esou d'Carole Dieschbourg.
Bei der Landwirtschaft géif ee mat Primmen en Ureiz schafe fir Bongerten a Strukturelementer wéi Beem an Hecken ze erhalen.
Der grénger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg no wier et wichteg ze gesinn, datt d'Interête vun der Landwirtschaft an de Naturschutz laangfristeg net an engem Widdersproch stinn. Den Ekosystem géif eis alleguerten um Liewen halen a wann et ëmmer manner Bestëbserinsekte géife ginn "dann ass eis Liewensqualitéit a Gefor", esou d'Carole Dieschbourg.