Nieft de Wënzer sollen och d'landwirtschaftlech Betriber an Zukunft d'Méiglechkeet kréie fir deelweis op Bio-Produktioun ëmzeklammen. Dat sot de Premierminister Xavier Bëttel (DP) des Woch an der Ried zur Lag vun der Natioun.
Dës Fuerderung hätt d'Bauerenzentral scho viru Joren gestallt, seet d'Josiane Willems, Directrice vun der Bauerenzentral: "Fir eis war d'Iddi vun der deelweiser Ëmstellung déi, datt een einfach nieft enger Haaptproduktioun kéint an engem Betrib eng méi kleng Nieweproduktioun am Bio maachen."
Limitéierten Ofsaz vu Bio-Produiten
Dem Xavier Bëttel no misst dës Ëmstellung allerdéngs zäitlech limitéiert sinn. D'Zil wier et nämlech, datt déi betraffe Betriber dono ganz op biologesch Produktioun sollen ëmklammen, esou de Premier. Domat ass d'Josiane Willems awer net averstanen:
"Mir wëllen net vun enger zäitlecher Begrenzung schwätzen, well ech menge mir wëssen alleguer wéi schwéier et ass och fir Bio-Produkter hei um Lëtzebuerger Marché ofzesetzen."
Der Directrice vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral no géif nëmmen eng Minoritéit vun de Konsumenten ënnert dem Stréch méi fir Bio-Produite bezuelen. An anere Wieder: den Ofsaz vu Bio-Produiten, déi fir en abordabele Präis verkaf ginn, wier limitéiert.
"An dat misst och emol eng Kéier d'Politik unerkennen. Wa mir wierklech Bio wëllen, da muss een anstännege Präis kënnen dofir erreecht ginn."
Wirtschaftlech Konditioune schafen
D'Josiane Willems verweist op d'Beispill vun der Bio-Mëllech. Lëtzebuerg géif zwou Millioune Kilo Bio-Mëllech produzéieren, "mee dovunner muss iwwer d'Hallschend an d'Ausland ofgesat gi well se hei zu Lëtzebuerg keen Ofsaz fënnt."
Fir datt d'Betriber kéinte ganz op Bio ëmklamme, missten déi néideg "wirtschaftlech Konditioune" geschaaft ginn, fuerdert d'Directrice vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral.