Sozial Kohesioun Géint Rassismus an Intoleranz

De Jean-Paul Lehners, Historiker a President vun der Europäescher Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz vum Europarot (ECRI) versteet net, firwat datt Lëtzebuerg nach keen nationalen Aktiounsplang fir Integratioun huet. Hie warnt viru "verbaler Transgressioun" vu Politiker a Persounen, déi ëffentlech Bevëlkerungsgruppe stigmatiséieren. Et géing ee riskéieren, datt esou Haass geséit gëtt.

Mick Entringer / cbi

Jean-Paul Lehners
De Jean-Paul Lehners

An Europa gëtt et e staarken Opschwong vun Nationalpopulismus a friemefeindlechen Haassrieden, dat virum Hannergrond vun de Migratiounen an den islamisteschen Terroruschléi. Dat war d'Konklusioun vum Joresrapport vun der Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz vum Europarot, deen am Summer erauskoum.

An der Emissioun Prisma vum 12. Dezember 2017 hat de Philosoph Paul Kremer um radio 100,7 gesot: "Zum Schluss eng kleng Rechnung: D'Madamm X kritt hiert éischten d'Kand mat 14,15 Joer gemaach a kritt der sechs bis siwe pro Liewen. D'Europäerin fänkt mat 27 oder 32 Joer un, an hält mat 1,7 oder 2,1 Kand op. Si liewen allebéid am selwechte Land. Wéi gesäit et do no 20 Joren aus? Méi anschaulech: Ass Bréissel muer flammännesch oder wallounesch? Äntwert: Marokkanesch."

"Verbal Transgressioun"

D'Reaktioun vum Jean-Paul Lehners: "Mir musse ganz gutt oppasse bei der verbaler Transgressioun vu Politiker oder och vu Leit, déi ëffentlech hir Meenung soen". Op där enger Säit misst d'Meenungsfräiheet respektéiert ginn. Op där anerer Säit awer, wann ee Bevëlkerungsgruppe géing stigmatiséieren, oder wann ee Stereotyppe géing verbreeden, da géing ee riskéieren, datt Haass geséit gëtt. Dofir kéint hien net mat der Ausso vum Paul Kremer averstane sinn, esou de Jean-Paul Lehners.

Europäesch Wäerter

Och wann d'Populisme géingen zouhuelen, esou hätt d'Sensibilitéit fir Mënscherechter net ofgeholl, mengt de Jean-Paul Lehners. Hie géing dat bei senge Studente mierken, déi sech fir esou Themen interesséieren. De Geschichtsprofesser gouf rezent zum President gewielt vun der Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz am Europarot (ECRI). Hien ass iwwerrascht, datt déi nei rietspopulistesch Regierung an Éisträich net zu Protestmanifestatioune gefouert huet. Wéi d'FPÖ virun 12 Joer eng éischte Kéier an eng Regierung koum, hätt et nach vill Protester a Sanktioune vun der Europäescher Unioun ginn.

"Ech froe mech, ob et eng Gewunnecht ginn ass, datt een op esou eng Aart a Weis ka regéieren. Datt dat als méi oder manner selbstverständlech hi geholl gëtt, mam Argument vun der nationaler Souveränitéit, aus där sech europäesch Länner sollen eraushalen." Derbäi géing et ëm gemeinsam, europäesch Wäerter goen. "Fräiheet, Meenungsfräiheet a Gerechtegkeet si ganz wichteg Begrëffer. Wann déi a Gefor si, muss ee sech Froe stellen."

Keen nationalen Aktiounsplang fir Integratioun

Hie géing net verstoen, firwat datt Lëtzebuerg nach keen nationalen Aktiounsplang fir Integratioun huet. Den ECRI hat ugangs vum Joer an engem Lännerrapport d'Recommandatioun gemaacht, datt Lëtzebuerg esou séier wéi méiglech esou ee Plang misst ausschaffen.

Et géing derbäi ëm sozial Kohesioun goen an dorëms, datt an enger Gesellschaft Leit, déi aus verschiddene Géigende kommen, friddlech zesummeliewe kënnen. En Integratiounsplang misst sech mat de verschiddene Volete vu sozialer Kohesioun beschäftegen: Genuch sozial Wunnengen, datt an de Schoule Kanner mat Migratiounshannergrond net benodeelegt sinn, datt genuch Sproochecoursen ugebuede ginn. Et wär e ganze Package, dee muss ugebuede ginn, fir datt esou en Integratiounsplang en Erfolleg ka ginn.

Am Plaz vun Integratioun ze schwätzen, misst vun Inclusioun geschwat ginn, mengt den Jean-Paul Lehners.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Nom Accueil, d'Integratioun
Flüchtlingspolitik

Sproochen, Aarbechtsmaart, Schoul a Logement stelle Flüchtlinge virun enorm Erausfuerderungen. Bis elo hätt sech virun allem d'Zivilgesellschaft ëm d'Integratioun bekëmmert, kritiséieren Asti a Caritas.

Laura Zuccoli Meenung
Zesummeliewen

Vun den Net-Lëtzebuerger gëtt erwaart, datt si sech integréieren. Mä wéi eng Moyene gi sech d'Lëtzebuerger? Ass een eréischt Lëtzebuerger, wann een d'Nationalitéit huet? E Fräie Mikro vum Laura Zuccoli.

Programm

Dossieren

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen