Radioen

On air

Notturno  |  East Coast Love Affair - Date With The Rain Feat. Peter Hunningale & L. Ross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gëllene Bier u Lëtzebuerger Co-Produktioun

Berlinale

Gëllene Bier u Lëtzebuerger Co-Produktioun

"Good Luck Banging or Loony Porn" vum rumänesche Réalisateur Radu Jude krut op der Berlinale de Präis fir de beschte Film. Et ass déi éischte Kéier, datt eng Lëtzebuerger Co-Produktioun sech konnt beim renomméierte Filmfestival duerchsetzen.

auto_stories

1 min

De Film ass vu Paul Thiltges Distribution co-produzéiert. Och déi Lëtzebuerger Firmen Philophon Studios an Espera Productions hunn um Film matgeschafft.

Lauschtert de Bäitragplay_arrow

Um Mëttwoch, 10.Mäerz, wäert de Film um Kierchbierg am Kinepolis fir d'alleréischte Kéier weltwäit viru Public diffuséiert ginn, am Kader vum Luxembourg City Film Festival, an der Rubrik "Made in / made with Luxembourg".

Vum 11.Mäerz ass de Film dann an der Online-Versioun um Site vum Lëtzebuerger Film Festival disponibel.