Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Kaytranada - 10% Feat. Kali Uchis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemeng Beefort: 11 Kandidate hu Recours bei der Cour Administrative gemaach

Net-respektéiert wunnsëtzklausel

Gemeng Beefort: 11 Kandidate hu Recours bei der Cour Administrative gemaach

An der neier Proporzgemeng Beefort hunn allen eelef Kandidate vum Buergermeeschter Camille Hoffmann senger Lëscht zwee Deeg no de Gemengewale Recours bei der Cour Administrative gemaach. Am 100,7-Interview huet de Buergermeeschter dës RTL-Informatioun confirméiert. De Grond fir dëse Recours ass, datt ee Kandidat vun der Konkurrenzlëscht - der "Biergerlëscht Beefort Déiljen Grondhaff" d'Wunnsëtz-Klausel aus dem Walgesetz net soll respektéiert hunn.

auto_stories

3 min

D'Gemengenhaus zu Beefort. (Foto: Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Dëse Problem war eisen Informatiounen no scho virun de Gemengewale bekannt. D'Police huet enquêtéiert a Parquet an Inneministère waren iwwer dëse Fall informéiert. Trotzdeem konnt de Kandidat vun der Biergerlëscht Dario Ballanti ee Sonndeg kandidéieren.

Camille Hoffmann: D'Walresultat gëtt net ugefecht

Bei de Gemengewalen zu Beefort gouf de 56 Joer ale Restaurateur op déi drëtte Plaz gewielt. Seng Lëscht huet 4 vun den 11 Sëtz kritt. D'Lëscht vum Buergermeeschter krut 7 Sëtz.

Well de Kandidat Dario Ballanti d'Wunnsëtzklausel net soll respektéiert hunn, hätt ee misste reagéieren, erkläert de Buergermeeschter Camille Hoffmann.

"Mir hunn d'Walresultat u sech jo net ugefecht, och net déi véier Sëtz, och net den Oflaf vun de Walen. Just deen Artikel 192 vun der Wunnresidenz, dee vun Ufank un eigentlech net konform war. Op Grond vun deem Artikel ass de Recours agereecht ginn."

An dësem Artikel aus dem Wahlgesetz steet ënnert anerem:

"Pour être éligible, il faut: (...) avoir sa résidence habituelle dans la commune, c'est-à-dire y habiter d'ordinaire; cette condition doit être remplie depuis six mois au moins lors du dépôt de la candidature."

Eng Widerhuelung vun de Gemengewalen?

Et géif also net duer goe just eng fiktiv Adress an der Gemeng ze hunn, esou de Camille Hoffmann iwwer de Fall vum Dario Ballanti. De Kandidat soll zum Zäitpunkt vu senger Kandidatur nach an Däitschland gewunnt hunn, an eben net mat Zäiten an der Gemeng Beefort.

Zu de méigleche Konsequenze seet de Buergermeeschter, datt et souguer kéint sinn, datt d'Gemengewale misste widderholl ginn.

"Et kann och sinn, datt si decidéieren, datt d'Wale komplett annuléiert ginn. Do läit dat am Ermessensberäich vum Geriicht."

An der Tëschenzäit ginn et wéinst dësem Fall zwee weider Recoursen, huet de Justizspriecher Henri Eippers eis op Nofro hi matgedeelt. D'Cour Administrative soll an engem Schnellverfaren an den nächste Wochen eng Decisioun huelen. Och den Inneministère analyséiert dëse Fall.

A soulaang d'Cour Administrative dëse Fall net gekläert huet, kéint een dem Inneministère net matdeele, wéi den neie Schäfferot an der 3.000-Awunnergemeng Beefort soll ausgesinn, seet nach de Camille Hoffmann. Et hätt een awer schonn ofgemaach, datt hien als Zweetgewielten weider Buergermeeschter soll bleiwen. Den Éischtgewielte Jean-Luc Nosbusch soll éischte Schäffe ginn an den Emile Wies den zweete Schäffen.