Radioen

On air

De Moien  |  "Ech weess wierklech net wat geschitt, wann déi zwee Joer em sinn."

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemeng Beefort: Den 8. Oktober sinn Neiwalen

Gemengewalen

Gemeng Beefort: Den 8. Oktober sinn Neiwalen

An der Proporzgemeng Beefort sinn den 8. Oktober - also den Dag vun de Chamberwalen - och nei Gemengewalen: dat huet den Inneministère matgedeelt, no der Decisioun vun der Cour Administrative, datt Neiwalen néideg sinn. D'Gemengewale vum 11. Juni zu Beefort goufen annuléiert, well ee Kandidat net eligibel war. Den Dario Ballanti vun der "Biergerlëscht Beefort Déiljen Grondhaff" hat d'Residenzklausel aus dem Walgesetz net respektéiert.

auto_stories

2 min

Foto: Serge Kesseler

Lauschterenplay_arrow


Dowéinst haten den Inneministère an ënner anerem déi eelef Kandidate vum Buergermeeschter Camille Hoffmann senger Lëscht "Är Lett" no de Gemengewale Recours gemaach. Mat der Geriichtsdecisioun hätt een deelweis Recht kritt, seet de Camille Hoffmann.

"Mir hate jo nëmme just ee Recours agereecht géint deen ee Kandidat, awer net an deem Sënn elo Neiwalen ze maachen. Dofir ass dat elo e bëssen iwwerraschend fir eis."

Warscheinlech géif seng Lëscht och bei den Neiwalen zu Beefort nach eng Kéier komplett untrieden, esou de Buergermeeschter a senger éischter Reaktioun.

Wéi wäert d'Decisioun vun der Cour Administrative den neie Walkampf zu Beefort prägen?

"Wat soll ech soen? Ech menge virdru war de Walkampf net ganz propper. An ech géif soen, dat hei wäert awer och net weider dozou bäidroen."

Den Inneministère ka kee Kandidat forcéieren, seng Kandidatur zréckzezéien

Bei de Gemengewalen den 11. Juni hat den Dario Ballanti kandidéiert, obwuel hien d'Residenzklausel aus dem Walgesetz net respektéiert hat. Vum Inneministère huet et an enger éischter Reaktioun schrëftlech geheescht:

"U sech sollte sech keng Persoune fir Wale presentéieren, déi wëssen, dass se d'Konditiounen net erfëllen, fir Kandidat ze sinn. Wann awer sou eng Persoun nawell kandidéiert, da kann den Inneministère kee Kandidat forcéieren, fir seng Kandidatur zréckzezéien."

Dës Méiglechkeet wier vum Walgesetz hier net virgesinn, preziséiert den Inneministère.

"Dës Affär concernéiert d'Gemeng an de President vum Haaptwalbüro, d'Gemeng um Niveau vum Populatiounsregëster an de President um Niveau vun de Kandidaturen. Den Inneministère hëlt do keng Decisiounen, well d'Gesetz him do kee Rôle gëtt."

Nom Arrêt vun der Cour Administrative goufen d'Neiwalen an der Gemeng Beefort op den 8. Oktober fixéiert. Wéinst dësem Datum wäert eng Kandidatur vum Dario Ballanti net méiglech sinn, huet den Inneministère eis op Nofro hi confirméiert.