Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemeng Rouspert-Mompech zwee Joer nom Héichwaasser

Gemengewalen 2023

Gemeng Rouspert-Mompech zwee Joer nom Héichwaasser

Ongewéinlech vill Reen hat am Juli 2021 fir schlëmm Iwwerschwemmungen uechter d'ganz Land gesuergt. Vill Leit hu missten evakuéiert ginn, vill Haiser ware betraff an deemno net bewunnbar - besonnesch an den Dierfer rondrëm déi grouss Flëss. Och an der Gemeng Rouspert-Mompech ass ee vun de Waassermassen iwwerrascht ginn; a wéi och an deenen anere betraffene Gemengen huet sech de Schued net just op d' Privathaiser bezunn, och déi ëffentlech Strukture ware concernéiert.

auto_stories

5 min

Centre Polyvalent (Foto: Ana Angel)

Et ass nach eng Angscht do. Ech menge wann et puer Deeg ganz schlëmm reent hei, mierkt een d'Nervositéit bei de Leit. Zemools déi, déi un der Sauer wunnen. Datt een ëmmer rëm fäert, dat géif nach eng Kéier sou rëmkomme wei dat 2021 war, seet d'Buergermeeschtesch vun der Gemeng Rouspert-Mompech, Stéphanie Weydert.

2021 war si nach Schäffen am Schäfferot. Am September zejoert huet si de Poste vun hirem laangjärege Virgänger Romain Osweiler iwwerholl. Mee de 14. Juli ass en Dag, deen hien net wäert vergiessen.

"Wann ee mat sou eppes konfrontéiert gëtt, da fänkt ee bemol un, ganz rational ze funktionéieren. Wat meng gréisste Suerg war, wéi ech moies beim Waasser stoung: Et wäert jo keen hei ëm d'Liewe kommen."

Déi Suerg konnt dem deemolege Buergermeeschter glécklecherweis ofgeholl ginn - de Schued an der Gemeng Rouspert Mompech huet sech op dat Materiellt begrenzt. Deen hat et awer a sech. De Centre Polyvalent, deen eréischt 2013 fäerdeg gestallt gi war, huet misse komplett ofgerappt ginn, een neit Gebai kënnt viraussiichtlech bis 2028 amplaz, erkläert d'Stéphanie Weydert.

"D'Gebai ass lo mol net virgesinn, datt et ënnerkellert gëtt, dat heescht et gëtt scho méi héich gebaut, well dat bestoend Schoulgebai, wat och nach do stoe bleift, do war d'Waasser ëm zwee Zentimeter net dra komm."

An dem Centre Polyvalent waren ënnert anerem d' Maison Relais an d' Schoulsäll vum Cycle 1; d' Kanner haten also d' Konsequenze vum Héichwaasser nach eng laang Zäit ze droen. Dat wäert sech awer elo änneren d' Erweiderung vun der Maison Relais ass virun engem Mount opgemaach ginn.

"An hei gëtt d'Sportshal, de Centre Polyvalent schonn esou vill méi héich gesat, datt en deem Héichwaasser hei Rechnung dréit, an nach e bëssen Zentimeter drop gewanne gëtt, an och dee Beräich wou een d'Erweiderung vun dem Schoulgebai mécht, de setzt een och op ee méi héijen Niveau.

Dat Gebai hätt am Prinzip net misse gebaut ginn, wann d'Héichwaasser net geschitt wier. Déi Suen hätte kënne gespuert ginn, kritiséiert de Romain Osweiler. Hie wier awer frou, datt déi zwee Ministèren hir Verantwortung iwwerholl hätten a bezuelt hätten.

Den Inneministère an den Educatiounsministère hätte sech déi ronn véier Milliounen, déi déi provisoresch Léisung kascht huet, opgedeelt. D'Zesummenaarbecht mat de jeeweilege Ministère wier dat wichtegst, erkläert den deemolege Buergermeeschter nach weider.

Si missten elo kucke mat de Fierschter:innen eens ze ginn, déi eng Hand mat ugepak hunn an och d'Waasserwirtschaftsamt.

Mat dem schafft een och net eréischt zanter 2021 zesummen - et ass jo och net déi éischt Iwwerschwemmung an der Gemeng. An dofir ass och 2011 e Säitenäerm vun der Sauer ausgebaggert ginn, erkläert de Romain Osweiler.

"Déi Mesure konnt deemools leider net 1:1 sou ëmgesat gi wéi se ëmgesat ginn ass. Se war geplangt, datt se eng Ofsenkung bis zu 86 cm sollt kréien, a mir sinn herno gutt iwwer 60 cm komm. Dat heescht, déi 60 cm hätt een am Prinzip elo nach kënnen drop rechnen deemools."

De Säitenäerm soll am Katastrophefall Waasser ophuelen, dat am Aklang mat der Natur. Ökologesch ass de Projet ee vollen Erfolleg - seele Flossmuschelen hu sech an Tëschenzäit do néier gelooss.

No den Iwwerschwemmungen stoung an der Diskussioun, ob dee Säitenäerm soll weider ausgebaggert ginn - sou kéint en nees méi Waasser ophuelen. Da géif en awer keen Doheem fir déi ökologesch wäertvoll Déierenaarte bidden.

D'Buergermeeschtesch Stefanie Weydert fënnt awer, datt d'Ökologie wichteg wier. Ee Mënscheliewe misst awer trotzdeem als méi wichteg ziele wéi ee klenge Kriibs oder eng Muschel argumentéiert d'Buergermeeschtesch.

Der Meenung ass och de Joseph Schoellen, aktuelle Schäffen an der Gemeng Rouspert-Mompech. Wärend déi aktuell Buergermeeschtesch a Co-Generalsekretärin vun der CSV mat enger Biergerlëscht an d'Wale geet - zitt de Joseph Schoellen mat enger DP-Lëscht an déi éischt Proportz-Wale fir d' Gemeng. Hie wollt sech zu dësem Sujet net an engem Interview äusseren. D' Iwwerschwemmunge sollen net fir de Walkampf genotzt ginn, mee et sollt een elo do als Gemeng zesumme schaffen, mengt hien nach weider.

A fir d'Gemeng an Zukunft besser géint Héichwaasser ze schützen, setzt d'Gemeng Rouspert-Mompech ënnert anerem och op Retentiounsbasengen, erkläert de Romain Osweiler. An der Uertschaft Mompech wier een amgaang esou ee Baseng ze bauen, erzielt de fréiere Buergermeeschter. Do misst zwar nach vill geschéien.

"Ech fannen, datt do richteg ugesat gëtt, landeswäit musse kleng Retentiounsflächen entstoen. Wann zum Beispill e staarke Reen kënnt, datt op ville Plazen de Reen direkt mol zréck gehale gëtt, a lues réischt an eis grouss Gewässer kënnen drainéiert ginn."

Et hätt een och de Leit, déi no um Floss wunnen, eng 1:1 Berodung ugebueden, erkläert de Romain Osweiler, datt si hire Bien selwer kënne schützen. Och wann et dat éischt Héichwaasser an dësem Ausmooss zanter 1918 war, si sech international Experten eens, datt esou extrem Naturphenomener an Zukunft méi dacks wäerte fir virkommen.