Radioen

On air

De Weekend  |  PICelectroNIC

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hunn de Problem erkannt"

Gemengewahlen 2017

"Mir hunn de Problem erkannt"

Op 15.000 Awunner kommen zu Hesper just 40 Sozialwunnengen an et gëtt keen abordabele Wunnraum. Hesper wier dowéinst am Gaangen eng "Gemeng fir déi Räich" ze ginn, kritiséiert de grénge Gemengeconseiller Roland Tex. D'Politik hätt déi lescht Joren ugefaangen dorobber reagéiert, äntwert den CSV-Buergermeeschter Marc Lies.

auto_stories

3 min

De schwaarz-bloe Schäfferot hätt besonnesch am Beräich vum abordable Wunnraum net genuch gemaach, fënnt de gréngen Oppositiouns-Conseiller. Et misst een op aner Weeër goen: "Sou datt d'Gemeng vläicht Promoteur gëtt a verschidde Saache mécht." Zum Beispill misst een d'Offer bei de Mietwunnenge "massiv" ausbauen, well do wier Hesper "wäit, wäit hannendran".

Lokal Logementspolitik nei ausriichten

Et hätt een de Problem also erkannt, esou de Marc Lies. Den CSV-Buergermeeschter ass iwwerzeegt, datt säi Schäfferot d'Logementspolitik zu Hesper an de leschte Joren nei ausgeriicht hätt.

D'Gemeng hätt nämlech wëlles effektiv méi als Promoteur opzetrieden: 14 Millioune wieren zënter de leschte Wahlen an de Bau vu Wunnengen, respektiv an d'Acquisitioun vun Terrainen investéiert ginn, äntwert de Marc Lies. Dat wieren zéng Prozent vun de Gestamt-Gemengeninvestitiounen. Wéi vill Terrainen aktuell a Gemengenhand sinn, wollt de Buergermeeschter awer net präziséieren.

Den nächste Logementsminister?

Ee Problem wier awer, datt privat Promoteure fir Terrainen dacks méi Sue bidde kéinten. Do gesäit de Marc Lies déi national Politik an der Responsabilitéit, an zwar am Kader vum neie "Plan Sectoriel Logement". Wann Terrainen an de Bauperimeter erakommen, da misst déi ëffentlech Hand kënne bis zu 30 Prozent vum Terrain kafen - amplaz wéi bis elo just zéng Prozent.

An der CSV-Fraktioun ass de Marc Lies Spriecher fir d'Logementspolitik. Zur Fro, ob hien no de Chamberwahlen 2018 um Poste vum Logementsminister interesséiert wier, wann d'CSV an d'Regierung kéim, sot den Député-Maire, et dierft een näischt ausschléissen.

Verkéierskollaps virprogramméiert

Zu Hesper wier och näischt géint de Verkéiers-Chaos gemaach ginn, kritiséiert de Roland Tex. Et wier och scho laang gewosst, datt de Problem mam Duerchganksverkéier sech verschäerft, wann den neie Quartier um Ban de Gasperich fäerdeg gëtt.

Dee grénge Gemengeconseiller fuerdert méi Mesurë fir d'Verkéiersberouegung. An d'Wunnquartiere misste besser virum Duerchganksverkéier geschützt ginn. Et kéint een net virun all Strooss Barrièrë setzen, esou d'Äntwert vum Buergermeeschter. Bei der Verkéiersberouegung hätt een Efforte gemaach, mä d'Prozeduren hätten deels laang geschleeft.

Wéi eng Koalitioun?

De Marc Lies ass zënter 2009 Buergermeeschter, seng Partei ass zu Hesper awer scho méi laang um Rudder. Mat iwwer 40 Prozent vun de Stëmmen bei de Gemengewahlen 2011, ginn der CSV och am Oktober nees gutt Chancen zougerechent, stäerkste Partei ze ginn. Ob d'Koalitioun mat der DP zu Hesper weidergefouert gëtt, géif vun de Wahlresultat ofhänken, esou den CSV-Spëtzekandidat.

déi gréng waren 2011 mat 20 Prozent vun de Stëmmen drëttstäerkste Partei ginn, knapp hannert der DP, déi 22 Prozent krut. D'Zil vu senger Partei wier et, fir an de Schäfferot ze kommen, esou de Roland Tex.

"Neie Wand" an der Gemengepolitik

Ob hien eng Preferenz fir eng Koalitioun mat der CSV, oder fir eng Dräierkoalitioun mat DP an LSAP hätt, wollt de grénge Spëtzekandidat net soen. Prinzipiell wier et fir d'Gemeng net gutt, datt déi Chrëschtlech-Sozial zu Hesper scho sou laang um Pouvoir sinn, esou de Roland Tex.

"Et huet näischt mat der Partei ze dinn, et huet och mat Käpp ze dinn", äntwert de Marc Lies. An d'Hesper CSV hätt sech an de leschte Jore personell staark erneiert.