Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Devendra Banhart - Love Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Réckbléck op den nationalen Aschreiwungsdag

Gemengewalen

Réckbléck op den nationalen Aschreiwungsdag

E Samschdeg war d'Journée nationale de l'inscription. D'Gemenge waren opgeruff deen Dag iergend eng Initiativ ze huelen, fir den Auslänner d'Méiglechkeet ze ginn, sech um fräie Samschdeg op d'Wielerlëschten anzedroen. Plazeweis war just den zoustännege Büro (oder Guichet) an der Märei e puer Stonnen op, anerwäerts ass ronderëm nach e wéineg Animatioun organiséiert gewiescht. Wéi zum Beispill an der Stad, zu Stengefort an zu Nidderaanwen, wou de Maurice Molitor säi klengen Tour virgëschter ugefaangen huet.