Radioen

On air

Tockcity  |  Fontaines D.C. - Starburster

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemëschte Reaktiounen

Reaktiounen op Cannabisreglementatioun

Gemëschte Reaktiounen

D'CSV ass éischter skeptesch iwwert dee Moossname Pak vun der Regierung deen de Muere vun e puer Ministeren an den zoustännege Chamberkommissioune presentéiert gouf. D'Erlabnis fir Doheem dierfe Cannabisplanzen ze kultivéieren, kéint an den Ae vun der CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen de Cannabiskonsum banaliséieren. Si fäert datt méi Jonker elo dowéinst kéinte Cannabis konsuméieren.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / Parilov

Lauschterenplay_arrow

Et sinn am ganze 27 Moossnamen, déi d'Regierung an Aussicht gestallt huet, dovunner sinn 21 präventiv Mesuren. Fir den Dan Biancalana vun der LSAP muss een dowéinst dee ganze Pak u Moossname consideréieren.

D'Nathalie Oberweis vun déi Lénk gesäit et als positiv datt een doheem dierf Cannabis uplanzen, aner Dispositiounen de Plazverweis oder d'Schafe vun engem zousätzleche Centre de rétention stéisst op Kritik.

D'Piratepartei fënnt datt d'Regierung a punkto Liberaliséierung vum Cannabis misst méi wäit goen, wëll een d'Zil de Schwaarzmaart ze bekämpfen net kéint erreechen.