Radioen

On air

Notturno  |  John Francis Flynn - Mole In The Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemëschte Reaktiounen

Proposë vum Frank Engel

Gemëschte Reaktiounen

Den Nationalcomité vun der CSV kënnt an enger Visiokonferenz beieneen, fir iwwer de Clinch tëscht der Partei an dem President ze schwätzen. De Frank Engel hat, ouni sech intern ofzeschwätzen, eng Ierfschaftssteier an direkter Linn an eng Verméigenssteier fir Privatpersoune gefuerdert. Vertrieder vun de Majoritéitsparteie reagéieren ënnerschiddlech.

auto_stories

2 min

De Frank Engel kritt ënnerschiddlech Reaktiounen op seng Proposen. Foto: Archiv

De Bäitrag vum Maurice Molitor lauschterenplay_arrow


Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum wëllt sech iwwer d'Propose vum Fränk Engel guer net laang de Kapp zerbriechen. Eng Ierfschaftssteier an direkter Linn ass fir d'DP a sengen Aen de falsche Wee. "Dat ass keng Optioun." Dat géif net am Koalitiounsaccord stoen a wier och net mat der DP ze maachen.

Och d'Verméigenssteier ass fir de Gilles Baum keng Optioun. Et wier net de Moment, fir d'Steieren eropzesetzen, mee et wier wichteg, datt d'Kafkraaft erhale bleift, sou datt d'Leit hëllefe kënnen d'Ekonomie erëm unzedréinen.

Josée Lorsché: "Kee Wonnermëttel"

Fir d'Josée Lorsché gëtt et keng akut Noutwennegkeet op d'Diskussioun anzegoen, déi den CSV-President lass getrëppelt huet. Eng eenzeg Steier wier kee Wonnermëttel, "doudsécher net", esou déi gréng Fraktiounscheffin. D'Ambitioune vun der Steierreform bleiwe fir déi gréng onverännert: eng Individualiséierung vum System, verbonne mat fiskale Mesurë fir méi sozial Gerechtegkeet an e bessere Klimaschutz.

Wann dat ouni Ierfschafts- a Verméigenssteier méiglech wier, bräicht een net iwwer Saachen ze schwätzen, déi net am Koalitiounsprogramm stinn, ënnersträicht d'Josée Lorsché. Déi gréng géife sech den Diskussiounen awer net verschléissen, sollt een do net weiderkommen. "Iergendwou muss d'Geld hier", esou déi gréng Fraktiounspresidentin. Et wier een awer nach net esou wäit, datt ee keng Scholde méi kéint maachen. "Mir hunn nach Sputt."

Georges Engel: kee Kommentar

Den LSAP-Fraktiounschef Georges Engel wollt op Nofro hin net reagéieren. Säi Parteikolleeg, de Vizepremier Dan Kersch, hat dem CSV-President awer scho leschte Freideg iwwer Facebook politesche Courage attestéiert. Hien huet ënnerstrach, datt d'LSAP enger gesellschaftlecher Diskussioun iwwer Ierfschafts- a Verméigenssteier oppe géintiwwer géif stoen.