Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemëschte Reaktiounen op britesch Propose

EU-Sommet

Gemëschte Reaktiounen op britesch Propose

EU-Bierger, déi scho fënnef Joer a Groussbritannien wunnen, sollen déi nämmlecht Rechter behalen, esou d'Propose vun der britescher Premierministesch Theresa May um EU-Sommet zu Bréissel. "Et ass ee Schratt an déi richteg Richtung, mä et geet net duer", sot de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker. D'Theresa May huet iwwerdeems refuséiert, datt den Europäesche Geriichtshaff nom Brexit fir juristesch Froen zoustänneg ass.

auto_stories

4 min

EU-Bierger, déi scho fënnef Joer a Groussbritannien liewen, dierfen do bleiwen a behalen déi nämmlecht Rechter - dat war um Owend vum 22. Juni d'Offer vun der britescher Premierministesch Theresa May un d'Staats- a Regierungscheffen aus der Europäescher Unioun, déi zwee Deeg laang zu Bréissel fir en EU-Sommet zesumme sinn.

EU-Bierger, déi nach just virum Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU op d'Insel plënneren, kréichen och déi nämmlecht Rechter, wéi britesch Bierger garantéiert, sot d'Theresa May hire Kollegen während dem Owendiessen.

Nëmmen nach britesch Geriichter

Eng vun de Froen, déi am Kader vum Brexit nach op ass, ass déi vu wéini un EU-Bierger effektiv anescht wéi Briten a Groussbritannien behandelt ginn. D'Theresa May soll déi nächst Woch e Bréif mat den techneschen Detailer vun hirer Propose virleeën.

Allerdéngs gëtt et elo schonn ee Bemol. D'Theresa May huet refuséiert, dat den Europäesche Geriichtshaff nom Brexit fir juristesch Froen zoustänneg ass - London géif just britesch Geriichter akzeptéieren, esou d'Theresa May. Schonn eleng dat wäert fir vill Diskussioune suergen.

D'Reaktiounen op déi britesch Propose waren dowéinst nach laang net enthusiastesch. Et wieren nach vill Froen op, sot déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel. An et bléift nach vill ze di bis Oktober. Dann decidéieren déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen, ob genuch Progrèse während de Negociatioune gemaach goufen, fir iwwert d'Relatiounen tëscht der EU a Groussbritannien nom Brexit ze verhandelen.

Et wier eng normal Saach, datt déi dräi Milliounen EU-Bierger, déi an Groussbritannien liewen, déi nämmlecht Rechter kréien: Si géife jo do och un der Ekonomie participéieren, esou d'Reaktioun vum Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel um Donneschdeg den Owend.

Däitsch-franséische Moteur nees ugesprongen

Den däitsch-franséische Moteur vun der Europäescher Unioun soll scho geschwënn op Toure kommen. Dat ass de Message, deen déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel an den neie franséische President Emmanuel Macron wollte vum EU-Sommet viruginn.

Si sinn um Ofschloss vum Sommet zesumme virun d'Press getrueden. Dat gouf et scho méi laang net méi. Inhaltlech ass de Message vun den zwee Leaderen nach net ganz konkret, d'Pressekonferenz hat virun allem symbolesche Charakter.

Déi däitsch Kanzlerin huet vun engem neien Esprit vun der Zouversiicht an Europa geschwat. Et wéilt een net géint déi aner EU-Länner schaffen, mä dofir suergen, datt zesumme Léisunge fonnt ginn. Den Emmanuel Macron huet sengersäits betount, dat d'EU net virukënnt, wann Däitschland a Frankräich net d'accord sinn.

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel hat am Virfeld gesot, et wier ze begréissen, wann déi zwee Länner gutt zesummeschaffen. Et dierft awer keen "Directoire" ginn - mä d'Decisioune missten zesumme geholl ginn.

An den nächste Woche sollen tëscht Frankräich an Däitschland grouss Dossieren duerchdiskutéiert ginn. Geplangt ass eng feuille de route fir d'Eurozon - ee Sujet, bei deem sech béid Länner bekanntlech net ëmmer eens sinn. Do géif et nach Diskussiounsbedarf ginn, huet den Emmanuel Macron confirméiert. Sou bal een op engem Punkt virukomm wier, géif een dat och kommunizéieren, huet de franséische President betount.

Et schéngt also, wéi wann de Moteur nees ugesprongen ass, an et awer nach net ganz kloer ass, wou e genee hifiert.

Migratioun kee Sträitthema op dësem Sommet

Op dësem EU-Sommet gouf iwwerhaapt virun allem eent demonstréiert: Eenheet. Dat war esou geplangt - an dat huet och geklappt. Méi kriddeleg Inhalter goufe virsiichtshallwer ausgeklammert. An der Migratioun zum Beispill ass et ëm méi Kontrollen op de Grenze gaangen, an dorëms, méi Leit am Mëttelmier dovun ofzebréngen, de Wee fir an Italien unzetrieden. Dëst andeems een déi libysch Garde-Côten nach méi staark ënnerstëtzt.

Iwwert d'Ëmverdeelung vu Refugiéen an der EU an iwwer méi Solidaritéit gouf net geschwat. Domat hätt een net vill Zäit verbruecht, wëll et do souwisou keen Accord géif ginn, sot déi däitsch Kanzlerin.