D'Josée-Anne Siebenaler vertrëtt déi Gréng am Käerjenger Schäfferot zanter 2011. Eigentlech hätt ee virun der Presentatioun vun der neier Variant en Donneschdeg domat gerechent gesot ze kréien, wéini et mam Bau vum Contournement sollt lass goen. Et wier een net prinzipiell géint eng Tunnelvariant. D'Schäffe kritiséiert éischter d'Manéier wéi déi gréng Ministere mat der Gemeng ëmgaange sinn.
Et hätt am Virfeld scho kënne gesot ginn, datt een eng weider Méiglechkeet a Variant wéilt sichen. "Mir sinn effektiv bëssen erstaunt gewiescht, datt keen informéiert ginn ass."
De Projet kritt elo weider massive Retard
D'Gemeng Käerjeng hätt versprach kritt, datt kee gréissere Retard sollt entstoen. Dorunner gleeft Josée-Anne Siebenaler awer elo net méi. Se stellt och kloer, datt de Käerjenger Schäfferot geschlossen un engem Strang géif zéien, wann et ëm de Bau vum Contournement geet. Hire Buergermeeschter Michel Wolter vun der CSV hat sech de Freideg de Moien am Quotidien ganz kritesch iwwert déi nei proposéiert Variant geäussert.
Positioun vu Suessem kéint sech elo änneren
Fir d'LSAP-Buergermeeschterin vu Suessem, Simone Asselborn-Bintz wier déi Tunnelvariant eng Verbesserung. Viru fënnef Joer war d'Gemeng Suessem nach strikt géint d'Ëmgoungsstrooss. Déi Positioun kéint sech awer elo änneren.
"Do gëtt jo da kee Bësch méi duerchgeschnidden, keng Natura -2000 méi duerchgeschnidden. Wat fir eis jo awer och e wichtege Punkt war, well mer et och ëmmer als Argument gehat hunn, datt mer dat awer net wéilten."
Zousätzlech seet d'Suessemer Buergermeeschterin, datt een nach op genau Pläng waarde misst, éier ee sech kloer positionéiere kéint. Änlech huet och d'Biergerinitiativ Gemeng Suessem, BIGS, reagéiert. Fir si wier dëst "Alenken" vu Regierungssäit e kloert Zeeche fir den Ëmweltschutz. Ma och do heescht et: ofwaarden.