Radioen

On air

Notturno  |  Angel Olsen - Heart Shaped Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gender Gap: De Gruef gëtt méi breet

Fräie Mikro

Gender Gap: De Gruef gëtt méi breet

Déi sozial a wirtschaftlech Ënnerscheeder tëscht Mann a Fra ginn ëmmer méi grouss. Dat geet aus engem Rapport vum "World Economic Forum" ervir. Eréischt an 170 Joer kéint d'Gläichstellung tëscht Mann a Fra erreecht ginn.

auto_stories

3 min

Simone Beck: Ënnerscheeder tëscht Mann a Fra ginn ëmmer méi grouss.

2006 huet de Weltwirtschaftsforum ugefaangen an 144 Länner Statistiken iwwert dee sougenannten Gender Gap ze sammelen. De Gruef tëschent Männer a Frae wat Ausbildung, Gesondheet, a Roll a Gesellschaft, Wirtschaft a Politik ubelaangt. Eemol pro Joer miesst dëse Forum d'Gläichheet - oder éischter d'Ënnerscheeder - tëschent de Geschlechter a véier Kategorien: Gesondheet an Iwwerliewenschancen, Schoul a Bildung, politesch Participatioun a wirtschaftlech Chancen. Wa mir de Mëttelwäert vun deenen 144 Länner huelen, hunn d'Fraen 68 Prozent vun de Chancen a Méiglechkeeten, déi d'Männer hunn. Am Schlëmmsten ass d'Situatioun am Jemen, wou d'Gläichheetsquote just bei 52 Prozent läit, a 75 Prozent vun de Meedercher a Fraen net liesen a schreiwe kënnen.

Déi nordesch Länner leien zënter Joren un der Spëtzt vum Ranking vum Weltwirtschaftsforum: Island féiert mat nëmmen zwielef Prozent de Gender Gap an alle véier Kategorien. Finnland, Norwegen a Schweden leien op de Plazen zwee bis véier. Iwwerraschend ass d'Plaz fënnef: Ruanda. 64 Prozent vun de Membere vum Parlament am Ruanda si Fraen, an d'Land verzeechent an allen Analysen nëmmen e Geschlechtergruef vun 20 Prozent. Däitschland läit op Plaz 13, Frankräich op Plaz 17, England op Plaz 20 a Lëtzebuerg op Plaz 34, ëmmerhin eelef Plaze virun den USA.

En enttäuschend Resultat fir Lëtzebuerg

Bleiwe mir ee Moment bei Lëtzebuerg. Bei deem éischten allgemenge Ranking vun 2006 louche mir op Plaz 56, hunn also 22 Plaze gewonnen. Trotzdeem ass de Rang 34 enttäuschend fir e Land, dat no de Stäre gräift. Wat déi selwecht Paien, fir déi selwecht Aarbecht ubelaangt, leie mir op Rang 39. Direktiouns- a Managerposten si fest a männlecher Hand: Lëtzebuerg ass do op Plaz 102 vun 144. Dat konnt een d'lescht Woch ganz besonnesch däitlech an enger Lëtzebuerger Wochenzeitung gesinn: Op deenen éischten 18 Säiten - Politik a Wirtschaft - waren nëmme Männer op de Fotoen. Déi éischt Foto mat Frae koum op der Säit 19, wou eng Ministesch, eng Staatssekretärin an eng Buergermeeschtesch e Kuch opgeschnidden hunn, fir de ronnen Anniversaire vun engem kommerzielle Betrib. Allerdéngs nëmme mat Billerzeil, ouni redaktionnellen Artikel.

Ee Beräich - an e wichtegen - wou mir op Rang eent leien, ass Educatioun an Ausbildung, wat sech awer leider net op d'Participatioun vun de Fraen an der Politik auswierkt, wou mir nees an den zweeten Drëttel ofrutschen. Op deem Gebitt si mir iwwregens an zéng Joer eelef Plazen no hanne gerutscht.

Keng Gläichstellung op laang Siicht

Wann zënter 2006 eng liicht Verbesserung konnt festgestallt ginn, weisen d'Zuele vun 2016, datt den Gender Gap nees méi breet gëtt. Zejoert gouf festgehalen, datt d'Gläichstellung vu Mann a Fra kéint an 148 Joer erreecht sinn. Dem Rapport vun 2016 no musse mir 170 Joer laang waarden.

Et gëtt een Argument dat misst iwwerzeegen, an dat ass dat finanziellt. De "World Economic Forum" schreift a sengem Rapport vun 2016, datt wann d'Fraen déi selwecht wirtschaftlech a berufflech Chancë wéi d'Männer hätten, Frankräich an Däitschland pro Joer jeeweils 300 Billiounen Dollar méi an hirer Keess hätten, an d'USA 1.750 Billiounen. Mat deene Waffendealer, déi den Donald Trump allerdéngs am Moment a Fernost ofschléisst, brauch hien d'Fraenaarbecht als zousätzleche Revenu wuel kaum.