Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geneeë Verlaf vum Tracé gëtt no der Ëmwelt-Impaktstudie fixéiert

Stroumtrace

Geneeë Verlaf vum Tracé gëtt no der Ëmwelt-Impaktstudie fixéiert

D'Creos, de Proprietär a Gestionnaire vum Stroum- a Gas-Reseau hei am Land, huet den Donneschdeg Moie säi Projet 380 virgestallt. Et geet do ëm eng nei 380 Kilovolt-Héichspannungsleitung, déi déi aktuell 220 Kilovolt-Leitung tëschent Tréier an Heeschdref a vun do aus weider op Bartreng ersetze wäert. D'Creos proposéiert um Tracé vun der aktueller Leitung duerch den Uelzechtdall festzehalen. E soll just méi wäit ëm Luerenzweiler a Steesel goe wéi bis elo, fir net iwwer Wunngebidder mussen ze fueren. Den definitiven Tracé wäert awer eréischt vun der Ëmwelt-Impaktstudie festgeluecht ginn, déi elo ulafe soll, an am Kader vun där jiddweree seng Awänn signaléiere kann.

auto_stories

3 min

Déi Responsabel vum Stroumnetzbedreiwer verspriechen sech un all d'Reegelen ze halen. Si setzen op Transparenz, wéi de CEO Marc Reiffers ënnersträicht. "Mir hunn näischt ze verstoppen, dat ass wierklech net de Fall. Mir si just der Meenung - an dat ass eis Responsabilitéit - datt mer mussen an esou eng Richtung goen, fir eist Héichspannungsnetz ze verstäerken. Mir sinn eis ganz bewosst, datt et e Projet ass, dee ganz sensibel ass."


Den CEO vu Creos, Marc Reiffersplay_arrow


Et kéint ee warscheinlech "net all d'Leit glécklech maachen", mee et géif ee probéiere fir iwwer den Dialog mat all de Betraffenen déi beschte Léisung fir Mënsch an Natur ze fannen.

D'Ëmwelt-Impaktstudie soll elo ulafen

Déi concernéiert Gemenge wiere schonn an d'Bild gesat ginn, och déi zoustänneg Chamberkommissioun krut eng Presentatioun gemaach. Elo soll d'Ëmwelt-Impaktstudie ulafen, am Kader vun där jiddweree seng Awänn a Kriticke ka matdeelen, esou den Alex Michels, dee fir d'Infrastrukture Responsabele bei der Creos. Déi Etüd géif deen Tracé mat deem klengsten Impakt proposéieren.


Den Alex Michels, Responsabele fir d'Infrastrukture bei der Creosplay_arrow


"Zu dësem Zäitpunkt ass näischt decidéiert. Mir sinn haut am Stadium, wou mer de Projet just presentéieren, an haut ass et just e Stréch op der Kaart. Mir hunn eis Gedanke gemaach: Wou ass dee Stréch am beschten? Mee esou laang keng Autorisatioun do ass, gëtt et nach keen definitiven Tracé."

Projet wier néideg, well Importcapacitéite spéitstens 2030 un hir Grenze stoussen

Déi geplangte Stroumtrace soll laangfristeg garantéieren, datt esou vill Stroum an d'Land kann importéiert ginn, wéi es gebraucht gëtt. Déi aktuell Capacitéite wäerten nämlech spéitstens an zéng Joer un hir Limitte stoussen, esou den Alex Michels vun der Creos. De Projet 380 wier noutwendeg, fir engersäits d'Energie-Transitioun zu Lëtzebuerg kënnen ëmzesetzen an anerersäits awer och fir Industriepolitik kënnen ze maachen.


Den Alex Michelsplay_arrow


"Mir hunn eng ganz geséchert elektresch Liwwerung, wat natierlech gutt ass fir de Standuert Lëtzebuerg. Mee et ass awer och wichteg, datt mer an Zukunft genuch Capacitéiten hunn, fir dann och déi Versuergungssécherheet vun eiser Säit ze garantéieren, déi mir ze garantéieren hunn."

De Projet 380 wier néideg, well de Stroumkonsum klëmmt an eis Importcapacitéiten tëschent 2026 an 2030 riskéieren un hir Grenzen ze stoussen, esou d'Creos. Et sinn eng ganz Rei Compensatiounsmoossnamen am Kader vum Projet virgesinn: Esou wäerten zwar 170 nei Stroummaste gebaut ginn, et wäerten der awer och 225 verschwannen. De Projet huet eng Envergure vun 200 Milliounen Euro a soll an Etappen tëschent 2026 bis 2028 kënnen ofgeschloss ginn.