Impfunge géint Covid-19 Generalisten: "D'Impfcampagne ass e logisteschen Defi fir eis"

Fir d'Hausdokteren ass et eng logistesch Erausfuerderung fir Covid-Impfungen an hire Praxissen unzebidden, seet den Dr. Jean-Paul Schwartz vum Cercle vun de Generalisten. Well an all Flacon sechs Impfdosisse sinn, misst een ëmmer sechs Patienten kuerz hannerteneen impfen.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Dr. Jean-Paul Schwartz
Den Dr. Jean-Paul Schwartz vum Cercle vun de Generalisten vertrëtt d'Hausdokteren am CSMI

Grad an der Vakanzenzäit wier et awer net ëmmer einfach gewiescht sechs Patiente beieneen ze kréien.

Fir Gruppepraxisse wier et méi einfach dat ze organiséieren, an dofir wieren an esou Praxisse mat méi Dokteren och déi meescht Impfunge gemaach ginn, esou de Vertrieder vun de Generalisten - et géif een hei déi sechs Leit méi séier zesummekréien. An enger eenzeler Praxis kéint dat dauere bis een an engem Mëtteg beispillsweis 12 Leit zesummen impfe kann.

Doktere schreiwe keng PCR-Tester fir d'Vakanz aus

De Large-Scale-Testing ass eriwwer, dofir ass et zanter geeschter net méi méiglech sech gratis op de Coronavirus testen ze loossen - ausser et huet een eng Ordonnance vum Dokter. Den Dr. Jean-Paul Schwartz vum Cercle vun de Generalisten huet betount, d'Doktere wieren net do fir de Leit Tester ze verschreiwen, mat deene se da kënnen an d'Vakanz fueren:

"D'Dokteren hunn d'Missioun Kranker ze behandelen, an eventuell Kontakter vu Kranken testen ze loossen. A mir beschränken eis och exklusiv op déi Tester. Et koum eng Kéier eng Direktiv vun der Santé eraus, mir sollten d'Vacancieren net méi teste loossen. Do ginn et jo och d'Schnelltester, déi een op ville Plaze ka maachen. Déi ginn och fir eng Rei Evenementer a Reesen duer. Mee mir schreiwen am Prinzip keng PCR-Tester méi op fir d'Vakanz."

Méi zum Thema

Impfzenter
Impfcampagne

Zënter haut kann ee sech spontan, ouni Rendezvous, an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg géint de Coronavirus impfe loossen. Vun där neier Méiglechkeet, déi eréischt e Freideg vun der Regierung ugekënnegt gi war, hunn direkt den éischten Dag eng 400 Leit Gebrauch gemaach.

Eng eeler Fra
Erklärunge vun "Hëllef Doheem" a Generalisten

D'Impf-Phas fir Leit iwwer 75 Joer gouf virun zwou Woche lancéiert. Déi néideg Rotschléi kréien déi Betraffen an der Reegel vun hirem Hausdokter, mee och hir Familljen an d'Stëftung "Hëllef Doheem" si bei der Impfcampagne gefuerdert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen