Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Generalisten: "Flux vu Leit ass net méi kontrolléierbar"

Impfcampagne

Generalisten: "Flux vu Leit ass net méi kontrolléierbar"

D'Generaliste kënnen déi ablécklech staark Demande no enger Covid-Impfung net erfëllen. D'Praxisse wieren elo schonn "vir bäi an hanne widder", an dofir missten zousätzlech Impfcapacitéite geschafe ginn, esou den Dr. Jean-Paul Schwartz vum Cercle des Medecins Généralistes am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Dr. Jean-Paul Schwartz. Foto: Archiv

D'Generaliste géifen de Maximum impfen, dee se kënnen, mee et misst een och niewebäi d'Grondversuergung vun der Populatioun assuréieren. Fir d'Generaliste wier et komplizéiert d'medezinesch Aktivitéite mat enger Bedeelegung un der Impfcampagne ënner een Hutt ze kréien.

Dat hätt verschidde Grënn: Aneschters wei an der éischter Impfcampagne huet d'Regierung decidéiert - mat Ausnam vun de Kategorië 75+ a 65+ - d'Booster-Impfung net méi an Alterskategorien opzedeelen. Elo wier de Flux vu Leit net méi kontrolléierbar, esou den Dr. Jean-Paul Schwartz.

Onzefriddenheet iwwer Booster-Impfung-Management

Dobai stoussen och nach Eischtimpfungen a Booster openeen. An d'Boosterimpfung géif e grousse logistesche Challenge duerstellen, well all Impfstoff seng eege Contraintë mat sech géing bréngen. Bei Pfizer zum Beispill kënne pro Flacon 6 Dosisse gezu ginn, soubal déi opgeléist sinn, musse se bannent véier Stonne gesprëtzt ginn.

Moderna wier an der Praxis am Komplizéiertsten: engersäits well en net fir Leit ënner 30 a Fro kennt, anersäits well d'Doseierung variéiert jee no ob et sech ëm eng Booster- oder Eischt-Impfung handelt. Et wier eng rigouréis Organisatioun vun de Rendezvousen néideg fir ze vermeiden, datt keen Impfstoff verschwent gëtt.

Fir de Jean-Paul Schwartz misst d'Regierung hire Management vun der Booster-Impfung verbesseren. D'Generaliste wiere beschränkt an der Unzuel Leit, déi pro Dag kéinte geimpft ginn. Wann d'Regierung wéilt, datt et méi séier soll goen, da misst de Booster méi séier kommen. Den Dokter warnt och, datt een a sechs Méint bei engem méiglechen neien Update vum Impfstoff erëm virum selwechte Problem géing stoen.

Dofir missten nei Impfcapacitéite geschafe ginn, esou d'Konklusioun vum Dokter.