Radioen

On air

Notturno  |  Jockstrap - 50-50 (Extended Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Generation What?" – Portrait vun enger Generatioun

Sondage

"Generation What?" – Portrait vun enger Generatioun

Dräi Véierels vun de Jonken hei am Land fannen net, datt de Schoulsystem si gutt op d’Beruffsliewe virbereet. Dat geet – ënner anerem – aus der Etude "Generation What?" ervir. Allerdéngs sinn déi Resultater ze nuancéieren.

auto_stories

4 min

D'Ëmfro mam Titel "Generation What?" gouf an 11 europäesche Staaten gemaach. Hei am Land gouf se vun der audiovisueller Produktiounsfirma a_BAHN realiséiert, an Zesummenaarbecht mat verschiddene Medien. Iwwer 2700 Jonker tëscht 18 a 34 Joer hunn de Froebou ausgefëllt. "Mir hunn eis Méi ginn, fir datt ee Maximum vu Jonken aus dem ganze Land beim Questionnaire konnte matmaachen", verséchert d'Marion Guth vun a_BAHN.

Trotzdem kéint een net vun engem representativen Zoufalls-Echantillon schwätze, seet den Andreas Heinen, Fuerscher op de Sproochefakultéit vun der Universitéit Lëtzebuerg. Hien huet zesumme mam Professor Helmut Willems d’Äntwerte vum Froebou ausgewäert an analyséiert. Et misst ee virsiichteg un d’Interpretatioun vun den eenzelen Äntwerten erugoen, mengt hien, och wann d'Etude als Portrait vun enger jonker Generatioun ee gutt Bild géif liwweren.

Grouss Schwieregkeeten um Aarbechtsmaart

Eent vun den Themen an der Ëmfro ass d’Educatioun. Dräi Véierels vun de Befrote sinn net der Meenung, datt de Lëtzebuerger Schoulsystem se gutt op den Aarbechtsmaart virbereet. Virun allem déi Jonk ouni Héichschoulausbildung fille sech net gutt preparéiert. Dem Fuerscher Andreas Heinen no, huet des Generatioun allgemeng en héije Bildungsniveau, an awer hätte ronn 15 Prozent vun de Jonken ënner 25 Joer keng Aarbecht. Dat kéint d’Skepsis géintiwwer dem dem Schoulsystem erklären: "De Jugendlechen ass bewosst, datt si trotz enger héijer Qualifikatioun an enger positiver wirtschaftlecher Entwécklung grouss Schwieregkeeten hunn".

Wann déi Jonk op Froen äntweren, spillt och hir eegen Astellung eng Roll. An anere Wieder: Et spillt eng Roll ob si mengen, datt si d’Entrée op den Aarbechtsmaart duerch hiert Verhale beaflosse kënnen, oder ob si mengen, dat dat vun äusseren Ëmstänn bestëmmt gëtt. An der Fachsprooch ënnerscheet een tëscht der "interner an der externer Kontroll-Iwwerzeegung". Souwuel déi Befrote vun der enger oder anerer Iwwerzeegung gesinn déi schoulesch Virbereedung hei am Land op den Aarbechtsmaart kritesch. "Mee déi Jugendlech déi eng héich Selbstwirksamkeet, oder eng héich intern Kontrolliwwerzeegung hunn, schneiden och a villen aner Liewensberäicher besser of, a gesi generell besser Zukunftsperspektive fir sech", sou den Unisfuerscher.

Nei Medien: eng Haaptfräizäitbeschäftegung

D’Etude "Generation What" hëlt och d’Astellung vu Jonke par Rapport zu Medien ënner d’Lupp. Dobäi iwwerrascht et net, datt déi sougenannt “nei Medien”, also zum Beispill d’sozial Netzwierker, eng grouss Bedeitung fir déi jonk Generatioun hunn. "Déi nei Medie sinn eng vun den Haaptfräizäitbeschäftegunge vu Jugendlechen".

De Begrëff "Internet Generatioun" ass an der Etude 47 Mol als Alternative zu "Generation What" genannt ginn, "Smartphone Generation" 29 Mol. Trotzdem gesinn déi Jonk d’Medie generell éischter kritesch: 85 Prozent hunn der Ëmfro no kee Vertrauen an Raido, Tëlee a Co. Dat géif awer dorop hindeiten, datt Jugendlecher net ouni eppes ze hannerfroe Medien notzen, ënnersträicht den Andreas Heinen.

"Politik verständlech maachen"

Och an d’Politik hu ronn 70 Prozent vun de Befrote kee Vertrauen. Dem Marc Schoentgen, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, no wëssen déi Jonk dacks net genee wéi Politik funktionéiert. D’Missioun vum Zentrum fir politesch Bildung ass et deene Jonken ënner anerem dës Informatiounen ze liwweren.

Et wier awer och d’Aufgab vun der Politik, grad wéi den eelere Generatioune generell "fir Politik verständlech ze maachen". "Dat heescht och, eng Sprooch ze gebrauchen, mat där déi Jonk verstinn, wat ee Politiker eigentlech seet, oder wat een Erwuessenen op engem Verantwortungsposte wëll vermëttelen", sou de Marc Schoentgen.

Vill Weeër sech ze engagéieren

Dem Andreas Heinen vun der Universitéit Lëtzebuerg no wieren déi Jonk wuel u politeschen a gesellschaftlechen Themen interesséiert, mee d'Fro wier wéi een dat an d'Form vun engem Engagement kéint iwwersetzen.

Der Etude no wëllen nämlech méi wéi d’Hallschent vun de Befrote sech net politesch engagéieren. Eng Erklärung dofir ka sinn, datt déi jonk Generatioun sech net laangfristeg un eng politesch Partei banne wéilt, mengt den Andreas Heinen. Fir um politesche Liewen deel ze huelen, misst een awer net onbedéngt an enger Partei aktiv sinn, ënnersträicht de Marc Schoentgen vum Zentrum fir politesch Bildung. "Et kann een sech och een Engagement op lokalem Plang sinn, an enger Associatioun, et gëtt vill Méiglechkeete fir d'Gesellschaft matzedroen a matzegestalten."

Ronn ee Véierels vun de Befrote waren der Etude no schonn eng Kéier an enger humanitärer Organisatioun aktiv. Bal d’Hallschent an enger lokaler Associatioun.