De System funktionéiert den Ament just bei zwee Betribssystemer, nämlech bei IOS an Android. Geschate 85 Prozent vun den Handye géifen awer mat deene Betribssystemer funktionéieren, seet de Christopher Schuh, Chef vun der operationeller Conduite beim CGDIS.
Méi séier d'Adress erausfannen
Et hätt een also potentiell 85 Prozent vun den Noutriff iwwer Handy geolokaliséiert, "wat eis am Alldag eng grouss Plus value wäert bréngen", seet de Christopher Schuh, "well notamment bei Verkéiersaccidenter mir d'Adress oder d'Lokalisatioun vill méi schnell hunn, wéi mir et haut hunn."
Hien hofft, datt och aner Betribssystemer dee Standard iwwerhuele wäerten. Bis dohinner hätt den 112 awer och d'Méiglechkeet fir iwwer ee Link, deen de Betraffene geschéckt kritt, seng Lokalisatioun erauszefannen. Allerdéngs just, wann eng Internetconnectioun besteet.
D'Lokalisatioun einfach iwwerdroen
Den Ament wier esou eng automatesch Geolokalisatioun hei am Land just méiglech bei engem Noutruff iwwer déi staatlech Applikatioun GouvAlert. Zum Beispill bei enger Persoun, déi sech am Bësch blesséiert oder verluer huet, esou de Christopher Schuh. Contraire zu dem geplangte System muss den Notzer vu GouvAlert awer déi entspriechend App eroflueden a gebrauchen.
An Zukunft misst ee just an engem Telefonsreseau sinn, an zwar net forcement vu sengem Provider, seet de Christopher Schuh:
"Dat heescht, wann ee Client ass bei engem Reseau A, an et huet een ebe keen Netz, kann een awer probéieren den 112 unzeruffen. Wann op där Plaz een anere Reseau ass vun engem Konkurrent, da geet den 112 Noutruff iwwer all Netzer an en ass jo och gratis."
D'Donnéeë solle bannent 24 Stonne gehale ginn. Et géif ee sech hei un änleche Reegelen aus dem Ausland orientéieren. Déi automatesch Geolokalisatioun bei Noutriff wäert iwwerdeems un den 112 weidergoen, och wann d'Lokalisatiounsfunktioun um Handy ausgeschalt ass. Dat géifen d'Betribssystemer elo scho virgesinn, esou nach de Christopher Schuh vum CGDIS.