Enquêtëkommissioun Panama Papers Ass Lëtzebuerg eng Steieroas?

D'Panama Papers-Enquêtë-Kommissioun vum Europaparlament fuerdert, datt och Lëtzebuerg, Holland, Irland a Malta wéinst hirer ëmstriddener Steierpraxis op déi Schwaarz Lëscht vu Steieroase solle gesat ginn. Déi Europa-Deputéiert, déi dat elo fuerderen, solle méi prezis sinn a soen, géint wéi eng Reegele Lëtzebuerg verstéisst, seet de Chef vum Steierdepartement bei KPMG Lëtzebuerg.

Serge Kesseler / cz

Georges Bock
Georges Bock

17 Drëttstaaten a Regiounen, déi d'Europäesch Unioun a Steierfroe fir "net kooperativ" hält, stinn op der neier Schwaarzer Lëscht, déi d'EU-Finanzministeren d'lescht Woch decidéiert hunn. Kritik un dëser Lëscht gouf et virun allem aus dem Europaparlament: Et missten och EU-intern-Steieroasen ënnert d'Lupp geholl ginn, huet et do geheescht.

Déi Europa-Deputéiert, déi elo fuerderen, datt och Staate wéi Lëtzebuerg op déi nei Schwaarz Lëscht gehéieren, solle méi konkret bei hire Virwërf sinn, verlaangt de Georges Bock vu KPMG.

"Eng pauschal Veruerteelung"

De Chef vum KPMG-Steier-Departement hält net vill vun der pauschaler Virgoensweis vum Europäesche Parlament. Et sief dann, d'Parlament géif prezis Reegelen uféieren, géint déi Lëtzebuerg géif verstoussen. Dat wier awer net de Fall.

"Hei geet et ëm eng pauschal Veruerteelung, déi politesch gesi vill Kaméidi mécht."

Datt keng EU-Staaten op der Schwaarzer Lëscht stinn, wier relativ normal, mengt de Chef vum KPMG-Steier-Departement.

Lëtzebuerg géif d'Critèren erfëllen, déi an der Europäescher Unioun gëllen. De Georges Bock ass awer dovun iwwerzeegt, datt mat Lëschte vu Steieroasen d'Zil kann erreecht ginn, fir dës Staaten an Territoiren zu méi Steier-Transparenz ze beweegen.

De Georges Bock erënnert drun, datt am Rapport vun der Industrie-Staaten-Organisatioun OECD vu Mëtt Oktober iwwer schiedlech Steierpraktiken - mat Ausnam vu Frankräich - keen EU-Staat méi opgefouert ass.

Georges Bock

Méi zum Thema

Steierparadäis
Steierpolitik

17 Länner stinn op enger Schwaarzer Lëscht vu Steierparadäiser, déi vun der EU publizéiert gouf. Richteg zefridden domat ass kee sou richteg. Virun allem well keng Sanktioune virgesi goufen.

Werner Langen President vun Enquête-Kommissioun am EP
Steierflucht

D'Enquêtë-Kommissioun vum Europaparlament iwwert Blanchiment huet hire Rapport virgeluecht. Lëtzebuerg gëtt do kritiséiert. Et hätt ee misse virausgesinn, datt aneren EU-Memberlänner Steiersuen entginn.

Panama Papers Exklusiv
Panama Papers

De Finanzministère huet op d'mannst engem Geschäftsaffekot ofgeroden an der Enquêtekomissioun iwwer d'Affär Panama Papers auszesoen. Dat steet am Widdersproch zu ëffentlechen Aussoe vum Pierre Gramegna.

Steieren Suen
Steierpolitik

Déi blo-rout-gréng Koalitioun ass net bereet op d'Fuerderung vun der CSV anzegoen, an déi sougenannt Stock Options op den 1. Januar 2017 ofzeschafen. De Regime géif den Ament nach analyséiert ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen