Den neie Minister Georges Engel stellt sech d'Fro, ob déi geplangte méiglech aner Opdeelung vun den Aarbechtsstonnen an der Belsch, déi "leschte Weisheet" wier.
"Well, ech fannen no 8 Stonne schaffe kann ech scho midd sinn. Ech gesinn z.B. den Daachdecker, wann deen elo muss 10 Stonnen um Daach stoen, kann dat och eng ganz Rei vun negativen Konsequenzen hunn."
Begeeschtert iwwert de sougenannte "belsche Modell" am Kader vun der geplangter belscher Aarbechtsmaartreform ass de Lëtzebuerger Aarbechtsminister deemno net. Hie géif an där Diskussioun éischter dofir plädéieren fir manner Stonnen ze schaffen.
"Ech kéint mer éischter virstellen, datt ee fënnef Deeg géif schaffen, mee dofir amplaz vun 8 Stonnen, manner Stonne géing schaffen."
Zu Lëtzebuerg gëtt et schonn eng gewëss Flexibilitéit
Wéi vill Schaffstonne pro Dag et dem Minister no kéinte sinn, dat misst mat de Sozialpartner diskutéiert ginn, esou de Georges Engel. Hien erënnert och un Méiglechkeete vu Flexibilitéit, déi et hei am Land scho ginn. Leit déi op der Aarbecht mat enger Auer géife fonctionnéieren, kéinten och haut schonn - am Accord mam Patron - véier mol zéng Stonne schaffen.
Een Ziel vun de geplangte Reformen an der Belsch ass et och, d'Beschäftegungsquot vun elo 71 Prozent op 80 Prozent am Joer 2030 ze vergréisseren: hei am Land haten 2020 ronn 72 Prozent vun den Awunner tëschent 20 a 64 Joer eng Beschäftegung"