Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geplangt Klimaschutzgesetz: -55 Prozent Emissiounen?

Klimaschutz

Geplangt Klimaschutzgesetz: -55 Prozent Emissiounen?

D'blo-rout-gréng Regierung wëllt hir Klimaziler an engem Gesetz festschreiwen a sech eng Prozedur ginn, wéi déi Ziler sollen erreecht ginn. Mam geplangte Klimaschutzgesetz sollen d'CO2-Emissiounen a fënnef verschiddene Secteure reduzéiert ginn. Dat geet aus dem entspriechenden Avant-projet de loi ervir, deen eis virläit.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Françoise Keller:

Lauschterenplay_arrow


Viséiert wier de Secteur vun der Industrie am Beräich Energie, Manufaktur an der Konstruktioun. Mee och den Transportsecteur, d'Gebaier, d'Land- an d'Forstwirtschaft an den Traitement vun Offall an Ofwaasser. Konkret quantitativ Ziler sollen allerdéngs net am Klimaschutzgesetz selwer, mee an engem groussherzogleche Reglement festgehale ginn. Dat fir eng éischt Period bis 2030.

D'Emissioune solle vum Akraafttriede vum Gesetz u linear erofgoen, heescht et am Avant-projet de loi. Déi zoustänneg Ministèrë fir déi eenzel Secteure sollen déi néideg Donnéeë liwweren. Een interministerielle Comité soll dann all Joer ee Bilan zeien. Wann d'Reduktiouns-Ziler an engem Secteur net erreecht géife ginn, soll den Iwwerschoss un CO2-Emissiounen iwwer déi Joren dono vum erlaabte Seuil ofgezu ginn. Wann e puer Secteuren hir Ziler net géifen erreechen, soll no Récksprooch mam interministerielle Comité am Regierungsot ee Programm mat dréngende Moossnamen opgesat ginn.

Net am Text: Keng konkret Emissiounsreduktiounsziler

Donieft wier dem geplangte Gesetz no eng sougenannt "Klima Plattform" virgesinn - ee berodend Organ vu maximal 20 Memberen, déi vum Klima- a vum Energieminister genannt ginn. D'Plattform soll ënner anerem Avisen iwwer déi konkret Klimaschutzmesuren aus dem nationale Klimaplang ofginn a seng Ëmsetzung begleeden.

E weideren neie Gremium ass de geplangten "Klima Observatoire" - aacht onofhängeg a kompetent Persounen, déi d'Regierung iwwer méiglech Moossname berode sollen.

Aus dem Text, deen eis virläit, geet iwwerdeems net kloer ervir, ob d'Emissioune generell hei am Land bis 2030 ëm op d'mannst 50 oder 55 Prozent am Verglach mat 2005 solle reduzéiert ginn. Bis 2050 soll Lëtzebuerg CO2-neutral ginn. Een Zil, dat och am Koalitiounsaccord steet a fir dat och déi aner EU-Memberstaate sech am Kader vum Paräisser Klimaaccord engagéieren.

Klimaschutzmesurë sollen a reegelméissegen Ofstänn decidéiert ginn

D'Klimaschutzgesetz definéiert deemno, wéi d'Regierung d'Anhale vun de Klimaziler wëllt garantéieren. D'Klimaschutzmesurë selwer gi separat a reegelméissegen Ofstänn decidéiert.

Eisen Informatiounen no, huet de Regierungsrot sech am Juli eng éischte Kéier mam Avant-projet de loi fir d'Kliamschutzgesetz beschäftegt, mee zu deem Ament nach kee Konsens fonnt. Den Text gouf dës Woch an enger Entrevue tëschent den dräi Majoritéitsfraktiounen diskutéiert.