Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geplangte Reform léist net alleguerten d'Problemer

Bail Commercial

Geplangte Reform léist net alleguerten d'Problemer

D'Librairie Alinea riskéiert hir Dieren zou ze maachen. Dat huet d'Diskussioun iwwer de Bail commercial an d'Mixitéit vun de Geschäfter nees lancéiert. Dat geplangte Gesetz soll net virun de Gemengewahle gestëmmt ginn, seet d'Rapportrice Tess Burton. An et géif net all d'Problemer vum Commerce zu Lëtzebuerg léisen.

auto_stories

2 min

De Lëtzebuerger Handel hätt vill Problemer, seet d'LSAP-Deputéiert Tess Burton."Et hänkt net nëmmen un de Loyeren, mee et ass och e Problem vum Kafverhale vun de Konsumenten an dem Online-Handel." Deemno missten aner Léisunge fonnt ginn. Dat geplangte Gesetz iwwert de Bail commercial wier awer e gudden Usaz.

D'Reform gesäit ënner anerem de Verbuet vum Pas-de-porte, eng Verkierzung bei der Kautioun an Ännerunge bei der Lafzäit vum Kontrakt fir. De Stader Geschäftsverband UCVL werft der Chamber vir, net weit genuch ze goe mat dësem Gesetzprojet.

Pas-de-porte kontrolléierbar?

De Geschäftsverband freet sech zum Beispill, wéi de Verbuet vum Pas-de-Porte soll kontrolléiert ginn. De Pas-de-porte ass déi Zomm, déi de Locataire dem Proprietär zousätzlech zum Loyer bezilt. Den Entréesticket fir däerfe Locataire ze ginn. Ob dës Suen dann net awer schwaarz bezuelt ginn, wier effektiv schwéier ze kontrolléiere mengt och d'Tess Burton. "Do muss ee jo herno Beweiser hunn wann een de Pas-de-porte awer muss bezuelen, da misst de Locataire dat zum Beispill mellen. Mee et ass awer wichteg, datt de Verbuet an engem Gesetz steet"

D'LSAP-Deputéiert ass zouversiichtlech datt d'Oppositiounspartei CSV de Projet wäert mat droen. Anescht wéi bei deene meeschte Gesetzer, déi eigentlech net réckwierkend kënnen applizéiert ginn, wäert sech d'Reform vum Bail Commercial op déi schonn existéierend Kontrakter auswierken.