Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geplangtent Google Datacenter: Deputéiert kruten MoU gewisen

MoU tëscht Google an dem Staat

Geplangtent Google Datacenter: Deputéiert kruten MoU gewisen

D'Deputéiert vun der Wirtschaftskommissioun an der Chamber kruten den Donneschdeg de Memorandum of Understanding tëscht dem Lëtzebuerger Staat, der Gemeng Biissen a Google präsentéiert. Et geet dobäi ëm de geplangten Datazenter.

auto_stories

1 min

Well d'Sëtzung à huits clos war, konnten d'Deputéiert sech net am Detail zu dem Inhalt äusseren. Fir de Roy Reding (ADR) an de Laurent Mosar (CSV) wier am Text awer näischt Aussergewéinleches oder Schockéierendes dran. De Laurent Mosar huet awer gefrot, datt den Text enger méi breeder Ëffentlechkeet gewise gëtt, nodeems verschidde privat Informatioune geschwäerzt goufen. Méi kritesch gesäit den David Wagner vun déi Lénk den MoU mat Google. Datt hien net alles an der Ëffentlechkeet ka soen, géif och enger Aschränkung vun der demokratescher Kontroll gläichkommen.

De Premier Xavier Bettel huet d'Virgoen verdeedegt. En MoU wier nëmmen eng Absichtserklärung an et wier wichteg, datt Firme mat der Regierung kënne schwätzen, ouni datt direkt alles ëffentlech gëtt.