Radioen

On air

Notturno  |  Lonnie Holley & Moor Mother - I Am A Part Of The Wonder

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gerechtegkeet fir d'Mahsa Amini!

Fräie Mikro

Gerechtegkeet fir d'Mahsa Amini!

De Bob Reuter ass entsat iwwer déi brutal Repressioun, déi déi iranesch Moralpolice ausüübt. De President vun AHA Lëtzebuerg (Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker) ass awer och beréiert duerch de Courage vun deenen dausende Fraen, déi am Iran op d'Strooss ginn, fir sech géint déi patriarchal reliéis Virschrëften ze wieren.

auto_stories

3 min

Am Iran ass zënter dem 16. September "der Däiwel lass", deem Dag wou d'Mahsa Amini, eng jonk Fra vun 22 Joer, an der Haft gestuerwen ass. Si war dräi Deeg virdrun zu Teheran vun der "Moralpolice" festgeholl ginn, well si anscheinend hiren Hijab "ze labber" ugehat hätt, woumat si géint een diskriminéierend Gesetz verstouss hätt, dat all Fra, an all Meedchen ab néng Joer, virschreift d'Hoer komplett ze verschleieren.

Laut der iranescher Police hätt si een Hiereschlag oder een Häerzinfarkt gemaach wärend si an Haft war. Divers onofhängeg Experte vun der UNO hu bericht, datt et Beweiser gëtt, datt d'Mahsa Amini an der Haft geschloen a gefoltert gi war.

Vill Mënschen, besonnesch Fraen awer och Männer, protestéiere säitdeem am Iran géint déi ongerechtfäerdegt patriarchal reliéis Virschrëfte mat deenen d'Mullahs probéieren de Fraen ze diktéiere wéi si mat hirem Kierper ëmzegoen hätten, awer och generell géint all aner Forme vu Mënscherechtsverletzung déi vum Staat ausgeüübt ginn.

Obligatoresch Verschleierung verletzt d'Mënscherechter

Eng reliéis begrënnte Moralvirstellung vun deenen Engen kann ni ee gerechtfäerdegte Grond si fir Anerer an hire Choixen anzeschränken oder fir hier Dignitéit a Würd a Fro ze stellen.

D'iranesch Regierung wiert sech brutal géint dës Manifestatiounen. An Tëschenzäit geet een dovunner aus, datt dobäi wéinstens 80 Léit ëm d'Liewe komm sinn an datt honnerte Léit - dorënner och eng 18 Journaliste - verhaft goufen. Amnesty International huet notamment Beweiser gesammelt, déi dokumentéieren, datt d'iranesch Sécherheetskräften illegal géint Manifestante virgaange sinn. Do kann ee sech just schudderen an dat op d'Schäerfst verurteelen.

Mënschen déi Fraen hier Mënscherechter verdeedegen an déi wou déi patriarchal reliéis Normen a Fro stellen oder sech driwwer ewechsetze ginn als "onmoralesch" am Iran ugesinn a gi kujenéiert duerch digital Iwwerwaachung, Belästegung, Gewalt, willkürlech Verhaftungen an Aspären am Prisong.

Ech fanne si hunn eise Respekt, eis moralesch Ënnerstëtzung an eis Solidaritéit verdéngt!

D'Revolt gëtt de Fraen am Iran Hoffnung

Eis Frënn vu Humanists International hunn den UN-Mënscherechtsrot dozou opgefuerdert Drock op den Iran auszeüben. Andeem Sënn appelléieren ech un eis Regierung fir den Iran opzefuerderen, mat där brutaler Repressioun opzehalen déi all deene widderfiert, déi sech géint d'Abuse vun der iranescher "Moralpolice" wieren, an dofir ze suergen, datt de Fall vum Mahsa Amini uerdentlech opgekläert gëtt a fir Gerechtegkeet gesuergt gëtt, an all déi aner Fäll ënnersicht ginn, wou Mënschen Onrecht widderfuer ass, well si sech fir Gläichberechtegung a Mënscherechter am Iran agesat hunn.

D'Farideh Ab Salan, eng Fra déi viru 15 Joer aus dem Iran op Lëtzebuerg geflücht war, huet an engem Interview mam Lëtzebuerger Journal gesot, datt si dëser Deeg, fir d'éischt zënter d'islamesch Diktatur am Iran etabléiert gi war, ee Gefill vun Hoffnung huet, datt dee Regime geschwë kéint zesummebriechen an datt et eng historesch Chance géif ginn, fir eng glafwierdeg Alternativ z'etabléieren. Dës Revolt géif vun de Fraen ausgoen, vun enger jonker Generatioun déi d'Ënnerdréckung net méi acceptéiere géif an déi bereet wier fir hier Fräiheet ze kämpfen, och mat hirem Blutt.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.