Commerce Geschäftsverband: Fermeturë vun Hertz a Keller sinn "Eenzelfäll"

De President vum Stater Geschäftsverband ass der Meenung, datt Geschäfter, déi sech "gutt opstellen" och a schwieregen Zäiten iwwerliewen. Datt laang etabléiert Geschäfter wéi Tapis Hertz oder d'Sportshaus Keller deemnächst hir Stater Butteker zoumaachen, géif dofir net bedeiten, datt Traditiounsgeschäfter allgemeng keng Zukunft méi hätten, sou de Guill Kaempff.

Rick Mertens / cz

Guill Kaempff
De Guill Kaempff ass de President vum Stater Geschäftsverband

Am Fall vun der Fermeture vun Tapis Hertz wier et keng Fro vum Loyer gewiescht, mee eng perséinlech Decisioun a beim Sports House Keller hätt sech kee Repreneur fonnt, seet de Guill Kaempff.

D'Geschäftsleit sinn zefridde mat der finanzieller Entschiedegung

Datt am Moment vill Chantieren an der Stad sinn, wier "näicht erfreeleches" fir d'Geschäftsleit, mee déi meescht géifen der Situatioun Stand halen, seet de Guill Kaempff. Et wier och positiv, datt Geschäfter, déi vum Trams-Chantier betraff sinn e Recht op eng finanziell Entschiedegung hätten, sou de President vum Stater Geschäftsverband. Ob d'Zomm an all Eenzelfall géif duergoen, kann de Guill Kaempff net soen, "dat ass eng Fro, déi muss de Geschäftsmann selwer beäntwerten."

D'Stater Geschäftsleit wieren op alle Fall frou iwwer déi finanziell Hëllef vun der Stad Lëtzebuerg a vu Luxtram.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Claude Bizjak
CLC

D'Geschäfter solle kënnen opmaachen, esou wéi all Händler et wëllt, esou de Claude Bizjak, Direktiounsmember vun der CLC. D'Geschäftsleit stéingen haut 24 Stonnen op 24 a Konkurrenz mam Internet.

Thierry Nothum
Wirtschaft

D'Entreprisen am Lëtzebuerger Handel hu sech bis elo net optimal un d'Méiglechkeeten an Erausfuerderunge vum online Akafen an der Digitaliséierung ugepasst, warnt den Thierry Nothum.

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen