Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - Berwick Street

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geschichtsfälscher um Wierk: Den ADR an de Klëppelkrich

Zäithistoriker

Geschichtsfälscher um Wierk: Den ADR an de Klëppelkrich

Et gëtt wéineg historesch Evenementer an der Lëtzebuerger Geschicht, déi esou gutt wëssenschaftlech opgeschafft sinn, wéi de sougenannte Klëppelkrich, virun allem duerch d'Aarbechte vum Gilbert Trausch. Trotzdeem erlaabt sech eng populistesch Partei grad dëst Evenement fir nationalistesch Propagandazwecker ze detournéieren, schreift den Denis Scuto.

auto_stories

8 min

Foto: Archiv

90 Joer hätt de grousse Lëtzebuerger Zäithistoriker Gilbert Trausch, deen eis 2018 verlooss huet, virun e puer Méint gefeiert.

Hien hat seng Historikerkarriär an den 1960er Joren zu Lëtzebuerg ugefaangen ënner anerem mat enger rigouréiser a brillanter Dekonstruktioun vun engem vun de gréisste Mythe vun der Lëtzebuerger Geschicht: den nationalistesche Mythos ronderëm de sougenannten "Klëppelkrich". Andeems en d'Essenz vun der Geschichtswëssenschaft ëmgesat huet, eng kritesch Ausernanersetzung mat den historesche Quellen, aus nationalen an internationalen Archivë gedëlleg rassembléiert. Seng Aarbechten an déi vu weideren Historiker an Auteure wéi dem François Decker, dem Alain Atten, dem Pol Tousch oder dem Marcel Bourguignon hunn e Schlussstréch gezunn ënner méi wéi 100 Joer nationalistesch Verklärung vun dësem historeschen Evenement an anachronistesche Vergläicher.

De Gilbert Trasch géif sech am Graf ëmdréinen

1984 konnt een an der Konklusioun vu sengem wëssenschaftlechen Artikel vu bal 80 Säiten an de Rheinische Vierteljahrsblätter liesen ("Die Luxemburger Bauernaufstände aus dem Jahre 1798. Der "Klöppelkrieg", seine Interpretation und sein Nachleben in der Geschichte des Großherzogtums Luxemburg", S. 161-237): "Das Tauziehen um den Luxemburger Bauernaufstand gehört der Vergangenheit an. In den letzten zwanzig Jahren ist es den Historikern gelungen, auf Grund einer soliden Quellenbasis dem Klöppelkrieg sein wahres historisches Gesicht zu geben." Haut dréint de Gilbert Trausch sech am Graf ëm, wann e gesäit wéi eng populistesch Partei hir Politik vun de fake news op d'Lëtzebuerger Geschicht ausbreet an dobäi och nach vun nationale Medie wéi RTL ënnerstëtzt gëtt. E géif d'Hänn iwwert dem Kapp zesummeschloen, datt populistesch Deputéiert parlamentaresch Froen zu Geschichtsfälschung mëssbrauchen.

D'ADR bedreift Geschichtsfälschung, RTL iwwerhëlt se onkritesch

An enger Question parlementaire schreift den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser dat heiten: "Am Joer 1798 hu Baueren am Éislek sech géint d'franséisch Besatzungstruppe gewiert, dëst am sougenannte Klëppelkrich." Vun 30 zum Dout verurteelte "Lëtzebuerger Widderstandskämpfer" geet Rieds. An engem RTL-Reportage widderhëlt en aneren ADR-Deputéierten, de Fred Keup, déi Terminologie. Geneesou wéi d'RTL-Journalisten, déi dës Geschichtsfälschung domat onkritesch iwwerhuelen, an déi och nach betounen datt Sprooch, Kultur a Geschicht där Partei wichteg wier. Op der ADR-Tëlee gëtt nach een drop gesat. Do gi mer gewuer, datt déi Leit vun de franséische Revolutiounstruppen "totalitär Iddien operluecht kruten". Nees geet vum "Widderstand géint franséisch Okkupanten" Rieds. Fake news verbreet och e weideren ADR-Deputéierten, de Roy Reding. Hie behaapt d'Gedenkplack un de "Klëppelkrich" um Nikloseck an der Stad wier dank engem "Effort vun der ganzer Gesellschaft" 1972 opgeriicht ginn. Dobäi ass et eng Privatinitiativ vum Editeur François Mersch, deen dat op eege Käschten opgeriicht huet, mam Accord vum Stater Gemengerot an der Regierung.

Keen "nationalen" Opstand, mee eng spontan, onorganiséiert Revolt

Et ass wichteg, dësen erfonnten historesche Fakten an dëser anachronistescher Begrëfflechkeet, déi op minutiéis Quellenaarbecht fundéiert Faktebildung vun der Fuerschung entgéintzesetzen. Wat war de "Klëppelkrich" als historescht Evenement? Wéi de Gilbert Trausch schreift, waren et eng Rei Bauerenopstänn an den Ardennen am Département des Forêts, also dem fréieren Herzogtum Lëtzebuerg (d. h. net nëmmen um haitege Lëtzebuerger Territoire, mee nieft dem Éislek, och an der Äifel an an der franséischsproocheger Géigend ëm Neufchâteau), e kuerzt Evenement, op e puer Deeg beschränkt, Enn Oktober-Ufank November 1798. De Numm "Klëppelkrich" verweist haaptsächlech op déi rudimentär Bewaffnung vun de ronn 4.000 Baueren déi dru bedeelegt waren: e puer Dose Gewierer, Heegafelen, Klëppele mat Séisselen drop montéiert. Geriicht war den Opstand géint d'Politik vum franséischen Directoire. Et war keen "nationalen" Opstand mee eng spontan, onorganiséiert Revolt vun opbruechten Baueren déi geneesou séier zesummegebrach ass wéi se entstane war. Änlech Opstänn gouf et zur selwechter Zäit och an de flamännesche Géigenden vun den duerch Frankräich 1795 annektéierten éisträicheschen Niederlanden.

Déi Bauere ware keng "Lëtzebuerger Widerstandskämpfer géint franséisch Besatzungstruppen", well et engersäits deemools weder Lëtzebuerg als Staat nach e Lëtzebuerger Nationalgefill gouf an anerersäits déi franséisch Republik 1798 als rechtméisseg Autoritéit ugesi gouf. Geneesou wéi d'politesch Vertrieder vum Herzogtum Lëtzebuerg am 18. Joerhonnert déi éisträichesch Herrscher als legitim Souverains ugesinn hunn. Mam Traité vu Campo Formio vun 1797 huet och den éisträichesche Keeser François II offiziell op d'Herzogtum Lëtzebuerg verzicht. Vu Widderstandskämpfer am Zesummenhang mat enger Occupatioun schwätzen ass anachronistesch a falsch an huet als propagandisteschen Zweck, en direkte Lien mat de Resistenzler am Zweete Weltkrich hierzestellen, déi géint d'Nazi-Okkupatioun gekämpft hunn.

De Klëppelkrich ass excellent an der Fuerschung dokumentéiert

Lëtzebuerger Geschicht fërdere sollt RTL net verwiesselen, mat Politiker eng Bün ginn déi Geschicht falsifiéieren. Genee dat gouf hei der ADR erlaabt. Als populistesch Partei instrumentaliséiert si Geschicht fir, wéi an anere politesche Beräicher, en erfonnten homogeent Vollek vu Lëtzebuerger ze konstruéieren - hei "Lëtzebuerger Widderstandskämpfer" vun 1798 - dat sech géint e Feind muss wieren - hei " déi franséisch Besatzungstruppen".

Dës Geschichtsfälschung an hir Mediatiséierung ass ëmsou méi inakzeptabel, well de sougenannte "Klëppelkrich" excellent an der Fuerschung dokumentéiert ass. An dat zënter Joerzéngten.

Dräi grouss Ursaachekomplexer féieren zum Opstand

Fir de Fall wou der iech, am Géigesaz zur ADR, wierklech fir dëse wichtegen Episod aus der Lëtzebuerger Geschicht interesséiert, wëll ech versichen de Kontext dovunner kuerz ze ëmräissen: Dräi grouss Ursaachekomplexer féieren zum massive mee kuerze Bauerenopstand vu 1798: militärescher, reliéiser a sozialer. 1798 gëtt de Militärdéngscht agefouert a gläich fënnef Joergank sollen zesummen agezu ginn. Déi antiklerikal an zum Deel antireliéis Politik vum Directoire ass déi zweet a wichtegst Ursaach. Et duerft een zwar d'kathoulesch Relioun weider praktizéieren mee ouni et an der Ëffentlechkeet ze weisen: also keng Prozessioune méi, kee Klackegelauds, keng Paschtoueschkleedung op der Strooss, keng Kräizer a sou weider. All Geeschtlechen huet missen en Eed op d'Republik ofleeën, mat Sanktioune wéi Deportatiounen oder Confiscatioun vun de biens d'église fir déi déi den Eed verweigert hunn. Drëttens goufe wichteg sozialer Rechter grad dem klenge Vollek an den Dierfer vun de materiell schonns net verwinnten Ardennen - kleng Baueren, Doléiner, kleng Handwierker - ewechgeholl wéi Notzungsrechter vun de Bëscher a Weedrechter.

Et kann ee kee Verglach mam Nazi-Standgericht vun 1942 zéien

Fir et nach eng Kéier an de Wierder vum Gilbert Trausch ze soen. Am Géigesaz zum Zweete Weltkrich hu mer et 1798 net mat engem national motivéierte Widderstand ze dinn, mee mat engem Opstand wou sech reliéis Preoccupatioune mam Refus vum Militärdéngscht a soziale Problemer vermëschen. Dräi Joer méi spéit geléngt et dem Éischte Konsul Napoleon mam Konkordat tëscht Staat a Kierch vun 1801 de reliéisse Preoccupatioune vun der kathoulescher Bevëlkerung Rechnung ze droen. De Klerus an d'Bevëlkerung akzeptéieren den Napoleon a ruffen no 1804 Vive l'Empereur wéi se et zur Zäit vum Joseph II. gemaach hunn. Déi jonk Männer zéie fir de franséische Keeser an de Krich an de Prozentsaz vun Deserteuren ass net méi héich wéi dee vun den ale franséischen Departementer.

Souguer bei der tragescher an haarder Repressioun vum "Klëppelkrich" - 30 Bauere goufen um Glacis higeriicht - kann ee kee Verglach mam Nazi-Standgericht nom Streik vun 1942 zéien, wou 20 Lëtzebuerger, ouni Recht op Verdeedegung, ouni geriichtlech Prozedur, am Schnellverfaren, meeschtens nuets, zum Dout verurteelt goufen an an der Foulée zu Hinzert erschoss goufen. E weidere Streikenden, den Henri Adam, gouf zu Köln gekäppt. 1798 koum et au contraire fir d'éischt zu enger laanger geriichtlecher Enquête. D'Jugementer bezéie sech op déi individuell Responsabilitéiten (war een aktiv bei de Gefechter dobäi? Huet ee Waffe géint franséisch Zaldoten oder Gendaarme geriicht ?). Déi déi net vum Militärgeriicht verurteelt goufen, koume virun e Kriminalgeriicht. Déi lescht Entscheedung hat hei eng Jury, déi aus Bierger vum Département des Forêts zesummegesat war. Dës Juryen hunn all hir Matbierger fräigesprach, trotz klore Beweiser, datt se sech um Opstand bedeelegt haten. D'Geriicht huet dat respektéiert a se direkt fräigesat. 1942 goufen déi déi net exekutéiert goufen un d'Gestapo ausgeliwwert, koumen an de Prisong, a Konzentratiounslager an Ëmerzéiungslager.

D'Geschicht als Wëssenschaft ass geleet vun der Ambitioun e kriteschen a wahrhaftege Bericht ze schreiwen

Mat Intressi fir Geschicht huet d'Gedauschs vum ADR ronderëm d'Monument um Nikloseck an de "Klëppelkrich" näischt ze dinn. Dat ass en Detournement vun der Geschicht zu politesche Propagandazwecker. Et ass de Géigendeel vun deem wat Geschicht als Humanwëssenschaft duerstellt. Déi ass geleet vun der Ambitioun e kriteschen a wahrhaftege Bericht iwwer d'Vergaangenheet ze schreiwen, duerch Réckgrëff op a wëssenschaftlech Analys vun de Quelle souwéi kontradiktoresch Diskussioun vun de Fuerschungsresultater.

Dës manifest Falsifikatioun am Déngscht vun Nationalismus a Friemefeindlechkeet vun engem historeschen Evenement wéi dem "Klëppelkrich" duerch d'ADR-Deputéierten ass e weidere Beweis, datt de Kampf géint fake news och zum Alldag vun den Historiker a Historikerinne muss gehéieren. Mir sinn dat net nëmmen eise Virgänger wéi dem Gilbert Trausch schëlleg mee och eiser Demokratie, déi duerch ëmmer méi Desinformatioun an hiren humanistesche Grondwäerter bedreet ass