Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesondheetsdësch: E schwéiren Exercice

Gesondheetssecteur

Gesondheetsdësch: E schwéiren Exercice

Iwwermuer kommen d'Acteuren aus dem Gesondheetswiese fir eng Quadripartite zesummen. D'Stëmmung ass ugespaant. No den Diskussiounen um leschte Gesondheetsdësch goufen et gréisser Divergenzen tëschent ënnert anerem der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun an dem Gesondheetsministère. D'Gewerkschaften a Patronat déi och ronderëm den Dësch setzen, schwätze vun engem schwieregen Exercice.

auto_stories

3 min

De Gesondheetsdësch hannerléisst e batteren Nogoût bei den Acteuren. Dat seet de chrëschtleche Gewerkschaftsbond LCGB. Ee vun de ronn 25 Acteuren, déi bei den Diskussioune ronderëm de Gesondheetssystem mat um Dësch sëtzen. Anescht wéi d'Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD schwätzt den LCGB awer net vun engem Echec. Mee d'Strukturatioun vum Gesondheetsdësch wier net déi richteg fir de villen urgente Probleemer am Gesondheetssystem séier entgéintzewierken esou de Christophe Knebeler.

"D'Echangë waren net sou déifgrënneg, wéi mir eis se erhofft haten. Mir sinn do net sou an den Detail gaange wéi mir dat wollten. Deemno bleift natierlech bei den Acteuren e gewësse batteren Nogoût well mir mat ganz groussen Erwaardungen do era gaange si fir all déi Problemer déi sech do opgekéipt hunn kënnen unzepicke fir do kennen Neel mat Käpp ze maachen an no vir ze goen."

Et wier immens wichteg fir op den diskutéierte Punkte virun ze kommen, sou de Gewerkschaftler.

Ze vill Sujeten déi mussen diskutéiert ginn

Zënter Jore steet am Mëttelpunkt vun de Problemer de Manktem un Dokteren an de feelenden Nowuess. Viru gutt zwee an engem hallwe Joer gouf de Gesondheetsdësch lancéiert fir mat all den Acteuren aus dem Gesondheetssystem no Léisungen ze sichen. D'Resultater wiere bis elo enttäuschend, esou nach de LCGB. De Christophe Knebeler mécht awer och drop opmierksam, datt déi grouss Unzuel u Problematiken déi um Gesondheetsdësch sollen ugepaakt ginn den Exercice géif schwéier maachen.

"An dem Sënn war et u sech richteg ze soen: mir maachen e Gesondheetsdësch, wou ee sech zesumme sëtzt fir déi Saachen unzepaken. Fakt ass awer mat där Mass vu Projeten déi do leien, datt et als Exercice enorm schwéier war, vun Ufank un, fir dat direkt dann unzegoen an da strukturéiert doduerch ze goen."

Weider Adaptatioune bei der CNS

Rezent hat d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op RTL gesot, datt jidderee géif Gehéier kréien an och d'Méiglechkeet géif kréien, fir sech anzebréngen. De Gesondheetsdësch wier nach net eriwwer, nuancéiert och de Patronatsdagverband UEL. Dem Direkter Jean-Paul Olinger no kéinten all d'Acteure sech nach ëmmer abréngen. Vun engem Echec kéint een deemno net schwätzen.

"An dann doniewent muss een och bedenken, datt hei zwou Welten openeen treffen. Mir hunn d'Dokterschaft, déi effektiv e System denkt, dee méi liberal ass an op der anerer Säit hu mir d'Vertrieder vum Salariat an dem System, also d'Gewerkschaften, déi éischter un engem System festhalen deen un d'Spideeler gebonnen ass. Deen éischter net e liberale System ass. An de Gesondheetsdësch probéiert e Kompromëss tëschent de verschiddene Perspektiven ze bidden. An e Kompromëss ass natierlech ëmmer eng Situatioun mat dem jiddereen nëmme kann deelweis zefridde sinn."

Op der Quadripartite e Mëttwoch soll de Bilan iwwer déi finanziell Situatioun vun der Gesondheetskeess gemaach gi wou deemno och de Kader fir déi nächst Adaptatioune wäert gesat ginn.