Radioen

On air

Notturno  |  Hand Habits - Private Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesondheetskeess bedeelegt sech u Long-Covid-Projet

Pilotprojet

Gesondheetskeess bedeelegt sech u Long-Covid-Projet

De Long-Covid-Projet gëtt verlängert, dës Kéier ass och d'Gesondheetskeess mat implizéiert. De Verwaltungsrot vun der CNS huet gëschter gréng Luucht ginn. De Projet géif gutt funktionéieren, seet de Christian Oberlé am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Decisioun vun der Gesondheetskeess fir um Long-Covid-Projet Deel ze huele wier net schwéier gefall, seet de Christian Oberlé. De Projet wier déi bescht Léisung fir Leit, déi u Long-Covid leiden, d'Prise en charge wier gutt a professionell.

Et géif finanziell gesi fir d'CNS Sënn maachen, de Projet ze ënnerstëtzen, seet de President vun der Gesondheetskeess:

"Wann eng Prise en charge effizient ass, da misst se jo ënner dem Stréch méi bëlleg ginn. [...]. Dat heescht mir gleewen un de Projet."

Mat der finanzieller Participatioun vun der CNS hunn d'Partner vum Projet elo och eng gewëss Sécherheet fir hir Mataarbechter, déi um Projet schaffen. Betraff heivunner sinn de Centre Hospitalier Luxembourg, de Rehazenter, de Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique an den Domaine Thermal zu Munneref.

Nomenclature kéint an dräi Méint prett sinn

Fir datt verschidden Traitementer am Domaine Thermal zu Munneref vun der CNS iwwerholl kënne ginn, ass nach en zousätzleche Schrëtt néideg, seet de Christian Oberlé: verschidden Tariffer wieren nach net festgeluecht.

D'Prozedur fir dës sougenannten Nomenclature leeft a kéint bis zu dräi Méint daueren. Soulaang géif d'Direction de la Santé d'Käschte vun deenen Traitement awer iwwerhuelen.

D'CNS erwaart sech, datt de Fonctionnement weider optimiséiert gëtt, sou datt de Projet de Kranken duerno eppes bréngt "an de Projet kascht och dat, wat e kascht", seet de Christian Oberlé.

De neie Long-Covid-Projet soll weider Erkenntnisser bréngen, déi ee bräicht fir de Projet och kënnen op Dauer ze perenniséieren.