Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gossip - Real Power

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gesondheetsministerin huet ganz wäitreechend Pouvoiren

Juristesch Basis fir Anti-Corona-Mesuren

Gesondheetsministerin huet ganz wäitreechend Pouvoiren

Op ee Gesetz aus dem 19. Joerhonnert gräift d'Regierung aktuell zeréck fir Mesurë géint d'Verbreede vum neie Coronavirus ze huelen. Ee Gesetz, dat der Gesondheetsministerin ganz wäitreechend Pouvoire gëtt.

auto_stories

2 min

D'Gesetz vum 25. Mäerz 1885, "concernant les mesures à prendre pour parer à l'invasion et à la propagation des maladies contagieuses" gesäit vir, datt de Regierungsmember, dee fir de "Service sanitaire" zoustänneg ass, déi néideg Arrête kann huelen, fir d'Invasioun an d'Propagatioun vun enger Epidemie ze verhënneren.

Limitatioune si keng virgesinn, erkläert d'Grazia Bruzzese. D'Droit-Studentin huet op der Uni Lëtzebuerg hir Bachelor-Aarbecht zum Theema Ausnamezoustand am Lëtzebuerger Recht geschriwwen - dorënner och ee Kapitel zum Gesetz vun 1885.

"Am Fong hat dëse Member vum Gouvernement zimmlech breet Pouvoiren, déi net limitéiert waren. Et muss ee bedenken, d'Gesetz ass aus dem 19. Joerhonnert. Mee de Kontext ass haut een aneren, an et ginn zum Beispill Limitten duerch dat internationaalt Recht, an och dat europäescht Recht."

D'Parlament kéint - soulaang et funktionéiert agräifen

D'Arrêten, déi op Basis vum Gesetz geholl ginn, brauchen net duerch d'Chamber. Mee d'Parlament kéint - soulaang et funktionéiert - agräifen, wann d'Regierung géif abusiv Moossnamen decidéieren, erkläert d'Grazia Bruzzese. D'Aschränkungen déi bis ewell decidéiert goufen, wéi d'Schléisse vu Caféen a Restauranten, géifen dem Esprit vum Gesetz an hiren Aen awer gerecht ginn.

D'Regierung huet bis elo net op den Etat d'Urgence zeréckgegraff, deen an der Verfassung virgesinn ass, fir d'Fräiheet vun de Leit am Kampf géint d'Corona-Pandemie anzeschränken, seet d'Grazia Bruzzese.

Mee anerersäits, wann ee sech op enger méi allgemeng Defintitioun vum Etat d'exeption baséiert - an zwar, datt een duerch den etat de l'urgence oder eng Situatioun versteet, wou den normale System wäreng enger Zäit beschränkt ass, an där och déi fundamental Fräiheete beschränkt ginn, da kann ee bal soen, datt mer an enger Zort d'état d'urgence sinn. Awer elo net an deem vum Artikel 92.4.

D'Gesetz war 1885 virum Hannergrond vun enger Cholera-Epidemie an Europa entstanen, erkläert d'Grazia Bruzzese. 1892 ass et dunn och eng éischte Kéier genotzt gi fir Mesurë géint d'Cholera hei am Land ze ergräifen. Eng zweete Kéier gouf an den 1960er Joren op d'Gesetz zeréckgegraff, déi Kéier fir d'Verbreede vun der Tollwut ze verhënneren.