Datt d'Debatt iwwer d'Fro vun enger Vaccinatiouns-Flicht fir d'Personal aus dem Gesondheets-Secteur aktuell net sachlech géif gefouert ginn, dat géif si stéieren, huet d'Gesondheetsministerin erkläert.
Fir de Moment wier si awer vun esou enger Impfflicht net iwwerzeegt, esou d'Paulette Lenert.
"Et ass net meng Iwwerzeegung, datt dat do de Wee ass. Ech mengen, datt mer nach méi polariséieren, nach méi Angscht maachen. An datt mer au contraire am Moment op engem gudde Wee si fir d'Leit mat a Richtung Impfung ze kommen. A mir sollen deem eng Chance ginn."
Hirer Meenung no, géif e mat enger Impfflicht näischt géint d'Angscht vun deene Leit maachen, déi sech an enger éischter Phase net wollten impfe loossen.
A Frankräich gouf elo ugekënnegt, datt déi Beschäftegt am Gesondheetssecteur sech wäerte mussen impfe loossen. An Däitschland soll et keng Impfflicht ginn, och net fir eenzel Beruffsgruppen. Zur aktueller Debatt seet déi Lëtzebuerger Gesondheetsministerin:
"Et ass eng Diskussioun, déi e muss féieren, wou d'Leit sech vill Froen dozou stellen, mee wou een och opkläre muss ronderëm déi Debatt, do huet een immens séier ze vill Kuerzschlëss gezunn an och stigmatiséiert."
Si wier och iwwerzeegt, mat der aktueller Impfcampagne - Zitat "nach eppes kënnen z'erreechen", esou nach d'Ministerin.