Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Pet Shop Boys - Dancing star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gespléckte Sozialdemokraten

Bundestagswahlen

Gespléckte Sozialdemokraten

56 Prozent vun den Delegéierten hunn der Parteispëtzt ëm de Martin Schulz hiert Vertrauen ausgeschwat. D'Géigner vun der Grousser Koalitioun konnte staark mobiliséieren - a mam Kevin Kühnert schwätzt e jonke Politiker elo fir grouss Deeler vun de Sozialdemokraten. E Kommentar.

auto_stories

3 min

Matthias Kirsch

En huet et also awer iergendwéi gepackt, de Martin Schulz. En huet et gepackt, knapps méi wéi d'Halschent vu senger Partei vun eppes z'iwwerzeegen, wat hien u sech selwer net wollt - d'SPD geet a Koalitiounsverhandlunge mat der Unioun. Virun zimlech genee engem Joer war de Martin Schulz ugetruede fir Kanzler ze ginn, fir der Grousser Koalitioun endlech en Enn ze setzen. Bannent 12 Joer hat d'Koalitioun mat der Angela Merkel senger Partei zwee Mol d'Genéck gebrach. Domadder sollt mat him un der Spëtzt Schluss sinn.

Virun zimlech genee engem Joer krut de Martin Schulz fir déi Visioun 100 Prozent vun den Delegéierte-Stëmmen. Elo, wou hien d'Chance hat, wierklech mat der Grousser Koalitioun ze briechen, huet den SPD-Chef kleng bäiginn. Resultat? Knapps 56 Prozent vu Stëmmen - dat denkbar schlechtste Resultat fir d'Parteispëtzt.

Super Resultat - fir CDU an CSU

Kee freet sech méi iwwert déi Zuel wei d'Uniounsparteien CDU an CSU. Mat knapps der Halschent vun der Partei hannert sech si Martin Schulz, Andrea Nahles an de Rescht vun den SPD-Bossen ze schwaach, fir der Unioun iergend e wierkleche Widderstand ze bidden. D'SPD ka keng kloer Linn vertrieden. Ze schwaach fir ze regéieren - an ze schwaach fir z'opposéieren.

Virun allem awer huet d'SPD et verpasst, dat Bescht aus dëser lose-lose-Situatioun ze maachen. An de leschte Wochen huet sech mam Kevin Kühnert, Chef vun de jonke Sozialdemokraten, e wierklechen Challenger manifestéiert - e frëscht, jonkt Gesiicht, dat a knapps zwou Wochen e risegen Deel vun der Partei géint d'Grouss Koalitioun mobiliséiert huet. Schulz, Nahles a Co. schwätzen zënter de Wahlen am September dovunner, d'Partei z'erneieren. Mä wéi et schéngt, heescht erneiere fir d'SPD-Spëtzt net eng Verännerung. Et solle just aner Gesiichter hier, vläicht am méi jonken, mä am Kär wa méiglech op der Linn.

Keng Plaz fir jonk Politiker?

Wann ee sech ukuckt, wéi de Kevin Kühnert an der leschter Woch net just vu sengen eelere Parteikollegen, mä och vun Uniounspolitiker a Medie behandelt ginn ass, da freet ee sech: Gëtt et wierklech sou wéineg Vertrauen a jonk Politiker an Däitschland?

Um Internetsite vun der Tagesschau fënnt een en Artikel, dee mam Titel "Kevin ganz groß" iwwerschriwwen ass. A verschiddenen Talkshow-Ronnen hunn aner Invitéeë vum Kühnert an der Drëtter Persoun geschwat - obwuel hien hinne géigeniwwer souz, Deel vum Gespréich war. An an der Talkshow Maybrit Illner gouf de Kühnert als Kevin Kleinert virgestallt an zweemol sou genannt - vun der Maybrit Illner selwer.

Frësche Wand

De Kevin Kühnert an déi jonk Sozialdemokraten hu sech déi lescht Wochen eppes getraut. Si hu sech fir hir Meenung an hir Virstellung vun der eegener Partei an hirem Land agesat. An de Kevin Kühnert schwätzt elo de facto fir 46 Prozent vu senger Partei - op d'mannst vun den Delegéierten. Wien de Parteidag e Sonndeg verfollegt huet, deen huet awer gesinn: Bei der Parteibasis genéisst de Kühnert nach e Stéck méi Ënnerstëtzung.

De Martin Schulz an d'Parteispëtzt kruten eng demokratesch Majoritéit. Si kruten en Optrag vun den Delegéierten. Mä ob d'Parteibasis de Koalitiounsvertrag, deen SPD an Unioun wäerten aushandelen, och gutt heescht, muss sech nach weisen. De personelle Wand bei de Sozialdemokraten, deen huet sech e Sonndeg zu Bonn gedréint.