Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Getrennt Gesetzer fir Jugendschutz a Jugendstrofrecht

Strofrecht

Getrennt Gesetzer fir Jugendschutz a Jugendstrofrecht

De Jugendschutz soll an Zukunft vum Jugendstrofrecht getrennt ginn. D'Prioritéit soll an Zukunft op der Preventioun leien, Prisongsstrofe sollen nëmmen als lescht Léisung ugesi ginn, esou d'Justizministesch Sam Tanson.

auto_stories

2 min

D'UNISEC soll vergréissert ginn an ass deemno fir sechs Méint zou. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


An Zukunft soll op alternativ Strofmoossnamen zeréckgegraff ginn mam Zil, datt de Jonke versteet, datt hie verantwortlech fir seng Dot ass, mee datt en dat och erëm gutt ka maachen, ënner anerem duerch Aarbechte fir d'Allgemengheet.

Ausname wieren extrem Situatioune wéi zum Beispill een Homicide, huet d'Justizministesch Sam Tanson an der Chamber preziséiert.

D'Dauer vun der Prisongsstrof soll hallef esou laang ewéi bei Erwuessener sinn an tëscht sechs Méint an zéng Joer leien. De Casier judiciaire soll déi Doten och net registréieren, fir esou een neien Depart am Liewen ze erlaben.

Unisec gëtt vergréissert

Am Strofrecht gëtt och Dräibuer ëmfonctionéiert, d'Unisec gëtt vun aktuell 12 op 24 Plaze vergréissert, seet d'Justizministesch Sam Tanson. Dat géif mat sech bréngen, datt d'Unisec wärend sechs Méit net genotzt ka ginn.

Déi Jonk sollen an där Phas streng encadréiert um Uerschterhaff, deen Enn des Joers opgoe soll, ënnerbruecht ginn. Déi aner Jonker, déi bis elo zu Dräibuer placéiert waren, ginn dezentral uechtert d'Land a méi klengen Unitéite placéiert.

Mannerjäreger, déi Affer oder Zeie vun enger Dot ginn, sollen am neie Gesetz och speziell Rechter kréien, wa se viru Geriicht zitéiert ginn.

Preventioun am Fokus

A punkto Jugendschutz soll vill méi op d'Präventioun gesat ginn, betount de Claude Meisch, dofir soll den Office national de l'enfance weiderentwéckelt ginn, erkläert den Educatiounsminister.

D'Expertin Renate Winter huet betount, datt mat deenen neie Gesetzer d'Mënscherechter fir Mannerjäreger zu Lëtzebuerg wesentlech verbessert géife ginn. Placementer an Institutioune sollen domat och drastesch kënne reduzéiert ginn.