Am Avis vun der Gemeng Beetebuerg iwwer de Projet Fage Jughurtfabrick géif stoen, datt mam Projet och Investitioune verbonne wieren, seet d'Carole Dieschbourg. Et misst eventuell e Waassertuerm gebaut, an de Waasserreseau ugepasst ginn. D'Beetebuerger Gemeng wier an hirem Avis dovun ausgaangen, datt de Waasserpräis doduerch ëm 25 Prozent kéint klammen.
De Laurent Zeimet wëllt de Chiffer vu 25 Prozent net confirméieren. Dat wier eng Schätzung, an déi nach aner Facteure mat agefloss wieren, seet de Beetebuerger Buergermeeschter. Datt um Reseau wäert musse geschafft ginn, streit hien awer net of. De Käschtepunkt vun deenen Aarbechte géif ee wuel och fréier oder spéider an engem méi héije Waasserpräis erëmfannen.
No den europäesche Regelen dierf de Waasserpräis net méi subventionéiert ginn. D'Käschten, déi d'Leitung an d'Kläranlag mat sech bréngen, mussen op d'Verbraucher reperkutéiert ginn.
Mee wéi ass et mam Waasser? Ass däers genuch do? Et ass jo keng onendlech Ressource, wéi d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ëmmer nees ënnersträicht. Wann een op ee Schlag 20.000 Awunner-Gläichwäerter bäikritt, dann hätt dat Konsequenzen.
SES huet néideg Reserven
Fir den Approvisionnement vu Fage mat Waasser, wier den SES zoustänneg. De Syndikat des Eaux du Sud misst also, wann d'Jughurtfabrick enges Daags op vollen Toure leeft, 3.500 Kubikmeter den Dag eleng fir deen ee Client liwwere kënnen.
Dat kléngt no enger enormer Quantitéit, mee déi mécht dem Tom Jungen, LSAP-Buergermeeschter vu Réiser a President vum SES, keng Angscht. Et hätt ee laang Zäit d'Stolindustrie als grousse Client gehat. Där hire Waasserverbrauch wier iwwer d'Jore méi kleng ginn a generell wieren am Industriesecteur Efforte gemaach ginn, fir de Waasserverbrauch ze reduzéieren. Den Tom Jungen ass sech dowéinst sécher, datt de Moment genuch Reserven do sinn, fir "déi industriell an déi demografesch Entwécklung opzefänken".
SES politesch neutral
Un den SES ass offiziell nach keng Demande am Dossier Fage erugedroe ginn, kierzlech war de Projet Jughurtfabrik eng éischte Kéier en Thema am Comité vum Syndikat, wou Kommunalpolitiker vu verschiddene Faarwe setzen.
Mee Politik spillt am Syndikat keng Roll, seet de President Tom Jungen. De Syndikat wier de verlängerten Aarm vun de Gemengen an hätt domat als eenzeg Aufgab, genuch Waasser mat der beschtméiglecher Qualitéit u seng Memberen ze liwweren. Et wier net d'Aufgab vum Syndikat, "fir sech Gedanken iwwer déi ekonomesch oder demografesch Entwécklung ze maachen". Um SES wier nach ni Parteipolitik bedriwwe ginn, an dat wier och an dësem Dossier bis ewell net de Fall.
De Syndicat des Eaux du Sud kritt 60 Prozent vu sengem Waasser vum SEBES aus dem Stauséi, déi aner 40 Prozent kommen aus eegene Quellen.