Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Clausel - Let Me Love You (Mr. Scruff Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gëtt genuch fir d'Lëtzebuerger Sprooch gemaach?

Chamberwahlen 2018

Gëtt genuch fir d'Lëtzebuerger Sprooch gemaach?

Et géif haut net méi Lëtzebuergesch geschwat ginn, wéi virdrun, seet de Fred Keup (adr/Wee2050). Den Yves Cruchten (LSAP) gesäit net, wat een zousätzlech kéint maachen, fir d'Sprooch ze promouvéieren.

auto_stories

3 min

Deen ee schummt sech, deen anere stellt sech Froen. Den Yves Cruchten (LSAP) kann net gleewen, datt Schëffer, déi Flüchtlingen aus dem Mier fëschen, Problemer hunn en Hafen ze fannen, an deem se uleeën däerfen. De Fred Keup (adr/Wee2050) fäert sengersäits, datt all Rettungsaktioun fir déi, déi mam Gedanke spille virun Aarmut a Gewalt fortzelafen, en Encouragement ass, sech op dee geféierleche Wee ze maachen.

Rettungsaktiounen am Mëttelmier

Den Yves Cruchten ass iwwerzeegt, datt wa méi Schëffer Leit a Séinout retten, doduerch net méi Flüchtlinge géife kommen. "Dir kënnt jo och net soen, wa mir méi Pompjeesautoe kafen, da gëtt et méi Bränn bei eis an der Gemeng, dat ass jo Kabes."

Wann een de Leit d'Méiglechkeet géif ginn "fir eranzekommen, da kommen der och méi", äntwert de Fred Keup. "Wéi d'Madamm Merkel gesot huet, 'Mir maachen d'Grenzen op', huet dat dozou gefouert, datt der do nach méi komm sinn", esou de Kandidat vum Wee2050 op der ADR-Lëscht.

Sträitthema Lëtzebuergesch

Gestridde gouf och iwwer d'Thema Lëtzebuerger Sprooch: Et wier falsch ze behaapten, et géif haut méi Lëtzebuergesch geschwat a geschriwwe ginn, wéi virdrun, mengt de Fred Keup. Et misst méi däitlech gemaach ginn, datt d'Lëtzebuergescht déi éischt Sprooch hei am Land ass, zum Beispill doduerch, datt een d'Uertschaftsnimm op lëtzebuergesch uewen op d'Schëlter schreift.

Den Yves Cruchten fir säin Deel gesäit net, wat een nieft de 40 Punkten, déi d'Regierung sech souwisou schonn an hirem Aktiounsplang ginn huet fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze promovéieren, nach zousätzlech maache kéint. De Fred Keup äntwert dorop, datt d'Regierung dësen Aktiounsplang ni ausgeschafft hätt, "wa mir net während dräi Joer zanter dem Referendum déi Campagne gemaach hätte fir d'Lëtzebuerger Sprooch, a wann net déi Petitioun do gewiescht wier, déi d'Rekordzuel erreecht huet a wann den Drock net opgebaut gi wier vun eis".

Fir den Yves Cruchten ass et kloer, datt all Partei, déi fir d'Wahlen dëst Joer untrëtt, sech Suergen ëm d'Lëtzebuerger Sprooch géif maachen, an datt den adr/Wee2050 do net eleng wier. De Fred Keup kontert: "Dir maacht der Iech jo anscheinend manner, well Dir sot jo, datt et duer geet mat deem, wat gemaach gëtt, an datt een net méi muss maachen."

Burka-Gesetz: Pragmatesch Léisung oder net acceptabel?

Weider goung och nach ëm d'Burka-Gesetz, dat d'Verschleierung op ëffentleche Plaze verbitt: Fir de Fred Keup bedeit dat näischt anescht, wéi datt d'Gesetz d'Burka op anere Plazen erlaabt, an dat wier fir d'adr net acceptabel. Den Yves Cruchten sengersäits gesäit am Gesetz eng pragmatesch Léisung an enger kriddeleger Fro.