Radioen

On air

Espresso Beats  |  Isaac Delusion - Magicalove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Gewalt géint Personal ass en no-go"

Prisong

"Gewalt géint Personal ass en no-go"

Ween op Gewalt setzt, dee misst och mat Konsequenze rechnen, seet de Justizminister Félix Braz. Den Dialog mat de Prisonéier ass einstweilen op Äis geluecht. D'CSV ënnerstëtzt dës Approche.

auto_stories

2 min

An de leschte Wochen hätt et eng Rei Incidente ginn am Prisong, sou de Félix Braz (déi gréng). Déi meescht wiere friddlech gewiescht: Sougenannt Streiken, wou d'Prisonéier refuséieren owes zréck an hir Zell ze goen.

Et wier awer vereenzelt och zu Gewalt komm géint Giischtercher, an dat wier fir hien absolut net ze toleréieren, ënnersträicht de Justizminister. Hien hätt der Delegatioun vun de Prisonéier dat och kloer gesot. Dialog kéint nëmme stattfannen, wann een och éierlech mateneen diskutéiere kéint. Ween op Gewalt géif setzen, dee misst duerno d'Konsequenzen dovun droen.

Ënnerstëtzung vun der CSV

Einstweilen ass den Dialog mat de Prisonéier also mol Äis geluecht, bis d'Situatioun sech nees entspaant. Dat ass gutt esou, a richteg, seet d'CSV, déi gréisst Oppositiounspartei. Si ënnerstëtzt also déi ferm Haltung vum Justizminister. Den Deputéierte Leon Gloden ënnersträicht, datt Gewalt géint d'Personal vum Prisong fir d'CSV en absoluten no-go wier.

Schwieregkeeten huet d'CSV awer fir nozevollzéien, wéi et ka sinn, datt am Prisong Handyen am Gebrauch sinn. Si freet sech, wéi et méiglech wier, datt Telefonen iwwerhaapt erakomm wieren. Wann een dat net ënnerbonne kréich, sollt ee wéinstens déi technesch Méiglechkeeten, déi et ginn, ausnotzen, fir ze verhënneren, datt Message kënnen zirkuléieren.

De Félix Braz huet an deem Kontext nach drop gehal kloer ze stellen, datt déi Facebook-Messagë mat Morddrohunge géint d'Personal, vun deenen d'Wort bericht huet, net vu bannen aus dem Prisong koumen, mee vu Leit dobaussen online gesat gi sinn.


De Maurice Molitor am Panorama e Samschdeg, den 21. Abrëll um 8 Auer:

Lauschterenplay_arrow