Radioen

On air

Espresso Beats  |  Richard & Linda Thompson - When I Get To The Border

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewerbe-Inspektioun ITM an de leschte Jore vill gewuess

Rapport vun der Inspection du travail et des mines

Gewerbe-Inspektioun ITM an de leschte Jore vill gewuess

D'Gewerbe-Inspektioun ITM huet zejoert siwe Läit rekrutéiert an och forméiert. Am Ganze schaffen elo 220 Persoune fir d'Verwaltung. 112 Beamte sinn Aarbechts-Inspekteren. Dat sinn der duebel esou vill ewéi nach virun aacht Joer. Dat geet aus dem Rapport vun der ITM fir d'Joer 2022 ervir.

auto_stories

2 min

D'ITM huet zejoert 10.000 Kontrollen duerchgefouert. (Foto: Carole Schimmer)

Lauschterenplay_arrow


Vun deenen 112 Inspektere schaffen der 86 direkt um Terrain. D'Zil vum Direkter vun der ITM, dem Marco Boly, ass et, progressiv bis op 320 Mataarbechter ze kommen.

10.000 Kontrollen an engem Joer

Déi Opstockung wier néideg wëll een nei Kompetenze géing kréien. Zanter dësem Joer ass d'Gewerbeinspektioun zum Beispill och zoustänneg fir am Fall vun Harcèlement z'intervenéieren.

D'ITM huet zejoert 10.000 Kontrollen duerchgefouert. An 2.396 Fäll huet d'Verwaltung eng administrativ Geldstrof ausgeschwat. Dee Gesamtmontant louch bei 10,5 Milliounen Euro. Elleng d'Infraktiounen am Kader vum Detachement maache 6,5 Milliounen aus.

Mee et geet net drëm Suen anzedreiwen, ënnersträicht den Aarbechtsminister Georges Engel.

"Déi Geldstrofe sinn net do, fir dem Staat d'Säckel ze fëllen. Mee si sinn do, fir de Betriber och kloer ze maachen, datt eng Grenz iwwerschratt gouf, an dann hoffe mir, datt sech déi Situatiounen net méi wäerte widderhuelen."

Foto: Carole Schimmer

Geldstrofen net dat effikasste Mëttel

Den Direkter vun der ITM, de Marco Boly ënnersträicht datt d'Geldstrofen déi bis zu 25.000 Euro kënnen erreechen net dat effikasste Mëttel sinn.

"D'Fermeture bréngt méi wéi ee Protokoll. Um Niveau vun de Sanktioune si mir tëschent 251 bis 25.000 Euro. Deemno a wéi enger Kategorie Entreprise a Chiffer d'affaire datt dir sidd, sinn dat Protokoller, déi eigentlech net sou tragend sinn."

Wann ee Chantier awer puer Deeg oder Woche misst zou gemaach ginn, da wieren d'Leit vill méi raisonnabel, well et méi an d'Geld géing schloen, esou de Marco Boly.

Am Fall vu méi schlëmme Verstéiss ewéi illegal Beschäftegungen oder Mënschenhandel sinn d'Strofe vill méi héich.

D'Verwaltung huet 2020 am ganzen 330.000 Demandë geréiert, dorënner 43.000 Uriff, vun Entreprisen oder Salariéeën.