De Gilles Feith iwwerhëlt domat d'Coordination générale de la défense. Wien d'Nofolleg vum Gilles Feith als Direkter vum Centre des technologies de l'Etat (CTIE) iwwerhuele soll, ass nach net gewosst. 100,7-Informatiounen no soll déi Plaz ëffentlech ausgeschriwwe ginn.
Weider soll déi aktuell Directrice adjointe vum SREL Béatrice Abondio an de Ministère vun der banneschter Sécherheet wiesselen. Si gëtt Coordinatrice vum Ministère de Sécurité intérieure a Premier conseiller. Si ersetzt de Frank Reimen, deen an de Ministère de l'Economie gewiesselt ass.