Consulatiounsdebatt an der Chamber Gläichstellung nach net erreecht

Den nationalen Aktiounsplang zur Gläichstellung vu Fra a Mann soll an Zukunft net an der Zäit begrenzt sinn. Et soll eng evolutiv Lëscht sinn, déi zu jiddwer Zäit ka komplettéiert ginn. Déi zoustänneg Ministesch Taina Bofferding wëllt eng breet Consultatioun vun all den Acteuren éier se hire Nationalen Aktiounsplang festleet. Gëschter koum d'Chamber an enger Consultatiounsdebatt zu Wuert.

Carole Schimmer / cbi

Chambersëtzung
Symbolfoto vun enger Chambersëtzung. Foto: Chambre des Députés (Archiv).

Haaptchantiere sinn d'Gläichstellung vu Fra a Mann, am Beruff, an der Politik grad ewéi d'Lutte géint d'Gewalt Doheem oder géint déi sexuell Gewalt vis-à-vis vu Fraen, sief dat an der privater Sphär, dobaussen oder an der Beruffswelt. Zur häuslecher Gewalt géif et awer u Statistike feelen, seet d'Djuna Bernard vun déi gréng.

Zu Lëtzebuerg sinn d'Fraen an d'Männer um juristesche Plang gläichgestallt, um Terrain ginn et awer nach eng Rei Diskriminatiounen, ewéi bei de Léin, betount d'CSV-Deputéiert Françoise Hetto Gaasch. Frae géifen zu Lëtzebuerg nach ëmmer am Schnëtt 5,4 Prozent manner wéi hir männlech Kollege verdéngen, bedauert si. "Et gëtt dofir eng Rei Explikatiounen, mee net alles léisst sech erklären", seet si.

Deelzäitaarbecht: Konsequenz op Carrière a Pensioun

Fir Famill a Beruff ënner een Hutt ze kréien, gëtt et dacks d'Optioun vun der Deelzäitaarbecht. Allerdéngs ginn et do och Diskriminatiounen. 39 Prozent vun de Fraen hunn dee Choix getraff, dat ass nëmme fir 6 Prozent vun de Männer de Fall.

Dacks huet dat net nëmme Konsequenzen op d'Carrièren, mee och op d'Pensiounen. An deem Sënn war et positiv de Congé parental ze reforméieren, esou den DP-Deputéierte Gilles Baum. D'Reform wier e ganz wichtegen a richtege Schratt gewiescht an d'Richtung vu méi Chancëgläichheet. "Mammen a Pappe kruten d'Méiglechkeet op méi interessant Modeller zeréck ze gräifen, wat béiden Elterendeeler méi Flexibilitéit a méi Zäit ginn huet mat hire Kanner, ouni hi Aarbecht mussen op ze ginn."

Gläichstellung fänkt fréi un

Eng zweet Prioritéit wier d'Promotioun vun der Egalitéit tëscht Fra a mann, esou d'Ministesch Taina Bofferding an dat géif schonn an der Schoul ufänken. Hei misst een iwwer Egalitéit an och Demokratie schwätzen, fënnt si. "Stéchwuert hei ass awer och geschlechtsneutral Bildung, Beruffswiel, d'Analys vun de Spillsaachen a vum pädagogesche Material", seet d'Ministesch.

Präsenz vu Frae stäerken

Iwwerdeems gouf d'Uni Lëtzebuerg mat enger Etüd chargéiert iwwer d'Stereotyppen, déi et an der Gesellschaft nach gëtt. Fir d'Gläichstellung tëscht Fra a Mann och um Terrain kënnen z'erreechen, misst een d'Präsenz vu Fraen an de Verwaltungsréit oder an de Féierungsgremië stäerken, esou d'Ministesch Taina Bofferding.

Fir de Marc Baum vun déi Lénk geet d'Diskriminatioun méi wäit, well et géifen och Ongerechtegkeete ginn, déi iwwer d'Ausernanersetzung tëscht de Geschlechter erausginn. Hien nennt d'Beispill, wa Fraen aner Frae géifen diskriminéieren, wat net solidaresch wier. "Just Businessfraen ënnerstëtzen ass net eis Vue vum Feminismus", seet den Deputéierte vun déi Lénk.

Dauerbrenner Quoten

Stéchwuert Quoten a politesch Participatioun vun de Frae fuerdert d'Djuna Bernard vun déi gréng d'Parteien op fir Efforten ze maachen:

"Nieft de Quote musse mir eis als Partei alleguerte selwer an d'Verantwortung huelen. Mir brauchen eng konsequent Opbauaarbecht vun eise Politikerinnen a mussen ee politescht Ëmfeld schafen, dat attraktiv ass, datt Fraen sech engagéieren. Ee Beispill, dat vill diskutéiert gouf, ass de Mutterschutz während engem Mandat."

D'ADR hirersäits bleift dobäi, datt d'Quote sollen ofgeschaaft ginn, esou den ADR-Deputéierte Jeff Engelen. Et misst ee sech froen, ob déi konstitutionell a rechtlech Dispositioun vun de Quoten, déi eng positiv Diskriminéierung erméiglecht, net sollt ofgeschaaft ginn. "Mir mengen dach. Mir däerfen ni vergiessen, eng sougenannt positiv Diskriminéierung vun deem engen ass eng negativ Diskriminéierung vun deem aneren", seet de Jeff Engelen.

De Ministère fir d'Gläichstellung tëscht Mann a Fra wëllt elo d'Zivilgesellschaft consultéieren an och déi nei Medien notzen, fir een Austausch mat de Bierger ze hunn, éier den nationalen Aktiounsplang festgeluecht soll ginn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Sonja Kmec.JPG
Gläichstellung vun de Geschlechter

"Mit den Haien streiten - Frauen und Gender in Luxemburg seit 1940 " ass den Titel vun engem Buch, dat op Initiativ vum CID Fraen an Gender erauskoum. Et geet ëm d'Gläichstellung vun de Geschlechter.

Janine Reuland-1000525.JPG
Gläichberechtegung

An engem internationale Ranking iwwer d’Gläichstellung tëscht Männer a Fraen ass Lëtzebuerg zwou Plazen no hanne gerëscht. Dat iwwerrascht d’Presidentin vum nationale Fraerot Janine Reuland.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen