Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gleeft Dir schonn un de Klimawandel?

Fräie Mikro

Gleeft Dir schonn un de Klimawandel?

Dee vu Mënsche gemaachte Klimawandel gëtt haut kaum nach bezweifelt. Och, datt een eppes dogéint maache soll, steet quasi all Dag an der Zeitung. Mee wat dat Alles bedeit, schéngt kaum verstanen, fäert de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot.

auto_stories

3 min

De Jean-Jacques Rommes ass laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot. Foto: Archiv

D'Realitéit vum Klimawandel an d'Wichtegkeet vum Kampf dogéint gehéiert zum politesche Konsens an der westlecher Welt, trotz deem engen oder aner Polit-Clown. Nom Paräisser Ofkommes misst d'Welt virum Enn vun dësem Joerhonnert ophale Kuelendioxid an d'Atmosphär ze blosen. D'EU wëllt dat bis 2050 packen. Déi Ziler gëllen de Klimatologen als net besonnesch ambitiéis.

Konkret heescht dat, ënner anerem, deemnächst quasi keng fossil Brennstoffer wéi Kuel a Pëtrol méi aus dem Buedem ze huelen. Leider sinn awer Kuel a Pëtrol d'Fundament vun eiser Welt, an zwar an engem Ausmooss, deen de Klimaaktivisten net ëmmer schéngt kloer ze sinn.

D'Wichtegkeet vun de fossille Brennstoffer

Déi fossil Brennstoffer hunn eis Superkräfte ginn. En eenzege Liter Pëtrol entsprécht 10 KW/h. Fir déi Quantitéit Energie mechanesch ze produzéieren, bräicht e staarken a gesonde Mann ronn 20 haart Schaffdeeg.

Esou ass et keen Zoufall, datt sklavenänlech Aarbechtsverhältnisser, an och d'Sklaventum iwwerhaapt, eréischt lues op en Enn koumen, wéi vun der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert un d'Maschinnen iwwerholl hunn.

Et sinn déi vu fossille Brennstoffer bedriwwe Maschinnen, déi all haiteg Form vun mënschlecher Emanzipatioun erlaabt hunn, déi politesch, déi sanitär, déi sozial, esouguer déi vun de Geschlechter. Keng vun den zivilisatoreschen Errongenschaften ëm d'Mënschewürd vun deene mir gär schwäermen, wiere méiglech gewiescht ouni Kuel a Pëtrol. Ouni si wiere mer och net zu aacht Milliarde Mënschen.

De komplette Verzicht: en Zesummebroch vun eiser Welt

D'Quantitéit vun alle Wueren a Servicer - dat heescht de faméise PIB - ass bis haut direkt korreléiert mat schiedleche Klimagasen. Elo scho sinn 1,5 Grad Celsius Äerderwiermung inevitabel. Fir déi zwee Grad Celsius Grenz anzehalen, musse mir zimmlech plëtzlech drop verzichten, déi Milliarde Maschinnen - vun der Méimaschinn bis zur Weltraumrakéit - mat Kuel a Pëtrol ze fidderen. Och eis digital Ekonomie lieft vun elektreschem Stroum, dat heescht an der Praxis bis haut, gréisstendeels vu Kueleverbrennung.

Wie keen CO2 ausstéisst ass aarm. Global bedeit de puere Verzicht gläichzäiteg e wirtschaftlechen Abroch ëm 80-90 Prozent, bref: en Zesummebroch vun der Welt wéi mir se kennen. Wie mengt esou eppes kéint sozial a friddlech oflafen, huet d'Bedeitung vun de fossille Brennstoffer net verstanen.

Den Ausstouss klëmmt weider

Dofir si mir och net amgaang drop ze verzichten. An deenen 30 Joer, wou mir wëssen, datt déi Brennstoffer d'Klima erhëtzen, ass hir Consommatioun nëmme geklommen. Trotz Discoursen, Kyoto-Protokoller a Paräisser Ofkommes klëmmt den Ausstouss bis haut, an zwar vill méi séier wéi de Bäitrag vun erneierbar Energie, déi op Weltniveau vëlleg marginal bleift.

A wa mir esou weiderfueren? Da lande mir virum Enn vum Joerhonnert, also zu Liefzäite vun der haiteger Jugend, bei véier Grad Celsius Erwiermung, en onvirstellbar dramateschen Zoustand an deem ronn d'Hallschent vun der Weltbevëlkerung muss stierwen oder migréiert huet. Fir ze mengen, esou eppes kéint per Genfer Konventioun gereegelt ginn, dierf ee kee Geschichtsbuch opgemaach hunn.

Duerch international Kooperatioun, riseg Investissementer a Fuerschung, Technik an Innovatioun gëtt et vläicht en ideologiefräie Wee tëschent Pescht a Cholera. Heekel Theeme wéi Atomkraaft a Geo-Engineering wäerten opkommen. Op alle Fall wäert et sech net ufille wéi eng Faart ob engem subventionéierte Pedelec.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.