Radioen

On air

Tockcity  |  Killen. - Mojo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wëssenschaftler zerstridden a Politiker depasséiert

Glyphosat

Wëssenschaftler zerstridden a Politiker depasséiert

Ass Glyphosat geféierlech fir de Mënsch? Muss een den Asaz vu Pestiziden mat dëser Komponent verbidden oder net? Doriwwer streiden d'Wëssenschaftler zënter Joren an d'Politiker sinn iwwerfuerdert. Dat weist en Hearing am Europaparlament, bei deem déi ënnerschiddlech Positiounen openeegeprallt sinn. Verschidden Europa-Deputéiert fuerderen elo eng Enquêtë-Kommissioun.

auto_stories

4 min

D'Diskussioun am Konferenzsall am Europaparlament zu Bréissel, wou sech d'Parlamentarier vun all de Parteien afonnt haten, ass sachlech bliwwen. Dobäi hätten d'Positioune vun den Intervenanten op dësem Hearing bal net méi ënnerschiddlech kéinte sinn.

Virun allem déi Europäesch Liewensmëttel-Agence, d'EFSA, gouf schaarf fir hir Konklusioun attackéiert. Si hat den Herbizid Glyphosat als ongeféierlech agestuuft.

D'EFSA huet ganz vill Fäll vun Tumeuren, déi a verschiddenen Etuden an Zesummenhang mam Wierkstoff Glyphosat bruecht gouwen, net consideréiert, behaapt den Professer Christopher Portier vun der Uni Maastricht. Hie kënnt zur Konklusioun, datt ee sech d'Donnéeën nach eng Kéier ukucke misst. En plus missten all d'Etuden, op déi sech d'EFSA baséiert, publizéiert ginn, esou den amerikaneschen Expert.

EFSA bleift dobäi: Glyphosat ass net geféierlech

Fir déi Europäesch Liewensmëttel-Agence ass Glyhposat net kriibsereegend. Zu enger anerer Konklusioun kennt déi International Agence fir d'Recherche iwwer Kriibs mat Sëtz zu Lyon. Nodeems Dausende vun Etuden iwwert d'Wierkung vu Glyphosat op Leit, déi mat Pestizide schaffen, ausgewäert goufen, wier de Wierkstoff als "wahrscheinlech kriibserreegend" agestuuft ginn, huet d'Kate Guyton vun där Agence erkläert.

"Mir hunn 1.500 Etuden ausgewäert an ee Rapport virgeluecht, deen iwwer 6.000 Säite laang ass", kontert den Direkter vun der EFSA, de José Tarazona.

"Monsanto Papers" hu keng Konsequenzen

Wéi et da kéint sinn, datt an deem Rapport ganz Passagen aus Etuden, déi Monsanto gemaach huet, Wuert fir Wuert kopéiert goufen, freet de franséische Sozialist, Eric Andrieu d'EFSA. Hie berifft sech op déi sougenannte "Monsanto Papers". Dat sinn Dausende vun internen E-Maile vu Monsanto, déi am Kader vu Geriichtsprozesser an den USA publizéiert goufen. Si leeën no, datt Monsanto probéiert huet, d'Agencen bei der Bewäertung vu Glyphosat ze beaflossen. Onbeandrockt dovu weist sech den José Tarazona. Et wier net onüblech, datt Informatiounen aus Etuden iwwerholl ginn, virausgesat, datt si fir korrekt gehale géifen.

"Mir hunn all d'Informatiounen aus de 'Monsanto Papers' gekuckt a mir hu keen Element fonnt, dat eis Konklusioune beaflosst huet," seet de José Tarazona vun der EFSA.

Enquêtë-Kommissioun am Europaparlament?

No dräi Stonnen intensive wëssenschaftlechen Echangë sinn d'Deputéiert net onbedéngt méi schlau wéi virdrun. Si wieren inhaltlech depasséiert, ginn der eng Partie zou.

"D'Froen, déi sech stellen, bleiwen déi nämmlecht", sot den Eric Andrieu nom Hearing.

Et misst ee méi wäit an den Investigatioune goen. Méi wäit goen, dat heescht verhënneren, datt sech d'Analyse vun ëffentlechen Institutiounen op privat Etudë stäipen, erkläert de belsche Sozialist Marc Tarabella virum Konferenzsall. Dës Etudë wieren deels gefälscht a si wieren vun der Industrie akaaft ginn.

"'Monsanto-Papers' hu gewisen, datt Monsanto Etuden fälscht a Wëssenschaftler bezilt. De Problem ass, datt d´EU-Institutioune sech dorop bezéien", esou de Marc Tarabella, EU-Deputéierten.

Dofir fuerderen elo eng Partie Europadeputéiert eng Spezial- an eng Enquêtë-Kommissioun vum Parlament. Déi Kommissioune sollen sech engersäits mam Glyphosat beschäftegen anerersäits mam Fonctionnement vun den europäeschen Institutiounen, sot de Guillaume Balas, franséischen Europadeputéierten vum Parti socialiste (PS).

D'Deputéiert si rosen, well vu Monsanto, trotz Invitatioun, keen op den Hearing am Parlament komm ass. Fir de gréngen Deputéierte José Bové war laang gewosst, datt Entreprisen, wéi Monsanto, probéieren, d'Institutiounen ze beaflossen. Dat selwecht hätt ee bei den Autorisatioune vu Planzenzorten, déi genetesch manipuléiert goufen, erlieft.

EU-Länner musse nach ofstëmmen

Fir wierklech onofhängeg Resultater ze kréien, muss dee ganze System geännert ginn, seet den Martin Pigeon vun der ONG "Corporate Europe Observatory," déi doriwwer konkret Virstellungen huet.

D'Autorisatioun fir Glyphosat leeft Enn des Jores aus. D'EU-Memberlänner hunn de Vote doriwwer, ob dës soll verlängert ginn, ëmmer nees verluecht. Elo soll dat den 23. Oktober geschéien.

Déi Europäesch Kommissioun huet proposéiert, Glyphosat fir zéng weider Joren zouzeloossen. Dat muss iwwerduecht ginn, sou d'Fuerderung vun enger ganzer Partie Europadeputéierten. Fir den EU-Deputéierte Marc Tarabella läit de Ball elo am Feld vun der Kommissioun an de EU-Memberstaaten. Zesumme mat senge sozialistesche Kollege géif hien elo probéieren, eng Enquêtë-Kommissioun op d'Been ze stellen.

Allerdéngs kéint dat daueren, bis eng Majoritéit fonnt gëtt. Eréischt dono kann d'Aarbecht vum Parlament ufänken. Entretemps ass d'Autorisatioun vum Glyhposat ofgelaf. Et muss also virdrun eng Decisioun geholl ginn.