Radioen

On air

Resonanzen  |  Giovanni Battista Sammartini - Sinfonie a La Majeur, JC. 60, III. Allegro Brillante - Accademia d'Arcadia, Alessandra Rossi Lürig (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "GoElectric": Mam Elektroauto duerch de Naturpark

Elektromobilitéit

"GoElectric": Mam Elektroauto duerch de Naturpark

D'Naturparken Uewersauer, Our a Mëllerdall setze sech dofir an, datt am ländleche Raum méi mat Elektroautoe gefuer gëtt. Déi dräi Naturparken hunn zesumme mam Energieministère ee spezielle Guide mam Numm "GoElectric" ausgeschafft.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Chiradech

De ganzen Interview mat der Anita Lanners lauschterenplay_arrow


An der neier Broschür géif een Informatiounen iwwer verschidden Tier fannen, déi ee mam Elektroauto an deenen dräi Naturparke maache kann, esou d'Anita Lanners vum Naturpark Uewersauer am 100,7-Interview.

Zum Beispill géif ee gewuer ginn, wéi eng Muséeën, Buergen an Aussiichtspunkten ee kucke ka goen. De "GoElectric"-Guide mécht awer och drop opmierksam, wou ee Borne fënnt fir säin Elektroauto opzelueden.

Locatioun gëtt net ugebueden

D'Anita Lanners betount, déi nei Offer géif sech esouwuel un auslännesch Touristen, wéi och u Leit hei aus dem Land riichten.

Et misst een awer en eegenen Elektroauto hu fir déi virgeschloen Tier ze maachen, esou d'Vertriederin vum Naturpark Uewersauer. Eng Locatioun vun Elektroautoe géifen déi dräi Parken net ubidden.

Interessi um Elektroauto gëtt ëmmer méi grouss

D'Naturparken Uewersauer, Our a Mëllerdall encouragéieren d'Leit och weiderhin Tier mam Vëlo oder zu Fouss ze maachen.

D'Iddi och eng spezifesch Offer fir Elektroautoen unzebidde wier awer entstanen, well den Interessi un dem Verkéiersmëttel ëmmer méi grouss géif ginn, erkläert d'Anita Lanners:

"Wa méi Leit mam Elektroauto kommen, da sollen se och eng Méiglechkeet hunn hiren Auto bei eis opzelueden an d'Regioun ze entdecken."