Digital Ekonomie Google-Datacenter wäert sech 2018 konkretiséieren

D'Pläng fir en Datacenter vu Google an der Gemeng Biissen wäerte sech 2018 konkretiséieren. Spéitstens wann de punktuelle Bebauungsplang an d'Prozedur geet, muss den US-Konzern e konkrete Projet virleeën. Déi prinzipiell Decisioun fir de Bau vun engem Datacenter wier gefall, esou eng gutt informéiert Source.

Jean-Claude Franck / cz

google.jpg
Foto: Bigstock

Google huet viru Kuerzem 33 Hektar um Rouscht kaaft an et si scho Sue fir Etüde gefloss.

Mam gréissten Datacenter an der Groussregioun wëllt den Internetkonzern seng Presenz um mëtteleuropäesche Marché verbesseren. D'Entreprise plangt och nei Datencenteren an aneren europäesche Regiounen, dorënner a Skandinavien. Den Ament leeft eng Course géint d'Zäit, wéi ee vun deenen Datacenteren als éischt gebaut gëtt, esou eng gutt informéiert Source.

Wéini de Projet an d'Autorisatiounsprozedur geet, ass nach net gewosst. Dat wier nach net decidéiert, heescht et vum Biissener Schäfferot. Fir t'éischt muss fir de concernéierte Site nach déi strategesch Ëmweltpréiwung (SUP) ofgeschloss ginn. Den Dossier géif d'selwecht behandelt ginn, wéi all aneren och. Weider wëllt de Schäfferot fir den Ament näischt soen.

Nach zwee wichteg Schrëtt

Déi concernéiert Terrainen um Rouscht musse vum Gemengerot ëmklasséiert ginn, well den Ament leie si an der Gréngzone, um Bord vun enger Aktivitéitszone. Déi Prozedur dauert maximal 13 bis 14 Méint, kann awer och méi séier iwwer d'Bühn sinn. Decisiv ass, ob Bierger formell Reklamatiounen areechen oder net. Dono mussen den Inneministère an d'Gemeng e punktuelle Bebauungsplang fir den Datacenter gutt heeschen.

Spéitstens deen Ament wäert Google Faarf bekennen: Da musse prezis Baupläng virgeluecht ginn. An engem fir Google optimale Zeenario geschitt dat schonn am Laf vun 2018. Gebaut gëtt awer egal wéi net vun haut op muer: Et feele wéi gesot nach d'Autorisatiounen; donieft muss Google och nach grouss Equipementer bestellen. D'Liwwerzäiten an deem Beräich leie gär bei ee bis zwee Joer.

Och Datacenteren an aneren EU-Länner geplangt

Mam gréissten Datacenter an der Groussregioun wëllt den Internetkonzern seng Presenz an Europa verbesseren. Viséiert si virun allem de franséischen an däitsche Marché. En Datacenter zu Lëtzebuerg hätt de Virdeel, datt d'Ubannung u béid grouss Nopeschlänner gutt ass. D'Internetservicer vu Google an Däitschland an a Frankräich, awer och zu Lëtzebuerg, kéinte mam Datacenter zu Lëtzebuerg méi performant ginn.

D'Entreprise plangt och nei Datacenteren an aneren europäesche Regiounen, dorënner a Skandinavien. Den Ament leeft eng Course géint d'Zäit, wéi ee vun deenen Datacenteren als éischt gebaut gëtt, esou eng gutt informéiert Source. Verschidde Medien hu viru Kuerzem gemellt, de Lëtzebuerger Datacenter stéing a Konkurrenz mat deene Sitten. Dobäi geet et awer manner ëm d'Fro, wéi een Datacenter gebaut gëtt a wéi een net, mä éischter ëm d'Fro: Wéi ee gëtt als éischt gebaut?

Viru sechs Méint hat de radio 100,7 gemellt, datt Google um Bau vun engem Datacenter an der Gemeng Biissen interesséiert wier. An de Wochen dono gouf et Ongewëssheet, well net all d'Proprietaire vun den 33 Hektar um Rouscht direkt verkafe wollten. Am September huet d'Regierung dem US-Konzern kënne wäissen Damp mellen: All d'Proprietäre waren du bereet ze verkafen. Dëse Mount ass d'Vente iwwer d'Bühn gaangen. Am neie Joer wäert den Dossier weider virugedriwwe ginn.

Méi zum Thema

Google Exklusiv
Google

D'Regierung huet Google de Moie fréi e Virschlag gemaach fir e Site, op deem dee gréissten Datacenter aus der Groussregioun entstoe kéint. Elo gëtt op d'Decisioun vum US-Konzern gewaart.

google.jpg Exklusiv
Google

Google wëllt hei am Land e groussen Datacenter bauen. Well en initiale Projet zu Biissen gescheitert ass, hätt den US-Konzern nach gär dës Woch Kloerheet iwwer en alternative Site. Och zu Biissen.

Pia Oppel Meenung
Wirtschaftschronik

Bal zwou an eng hallef Milliarden Euro Strof soll Google un d'EU bezuelen, wéinst Verstéiss géint Konkurrenzrecht. De Problem vu senger Maartdominanz ass domadder awer nach net geléist.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen