Radioen

On air

Moiesstudio  |  Glass Animals - Heat Waves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Google zu Biissen: Gemeng stëmmt PAG-Ännerung

Data Center

Google zu Biissen: Gemeng stëmmt PAG-Ännerung

Nei Etapp am Dossier Google Data Center. De Gemengerot zu Biissen huet gëschter an engem éischte Vott eestëmmeg fir eng Ännerung vum allgemenge Bebauungsplang gestëmmt. Domat soll d'Fläch vu ronn 35 Hektar, déi dem Konzern scho gehéiert, als "zone spéciale Data Center" klasséiert ginn. Deemno dierft just een Data Center sech do nidderloossen. Et gouf keng gréisser Divergenzen an der Gemengerotssëtzung. Kritik koum virun allem well eng Partie Froen nach op stinn.

auto_stories

2 min

Ënner anerem ass nach onkloer wéi laang de Chantier dauere wäert, wéi héich d'Gebailechkeete vum Data Center wäerte sinn a wéi de Volet Mobilitéit soll gereegelt ginn. Virgesi wier den Ament ee Busarrêt. Um Site sollen allerdéngs méiglecherweis 400 Persoune schaffen, seet de Biisser Gemengeconseiller David Viaggi vun Är Leit.

Hie stellt d'Konditioun, datt Biissen RGTR-Buslinnen zur Verfügung gestallt kritt. 135 Parkplaze géifen evidenterweis fir 400 Aarbechtsplazen net duergoen.

Eng Léisung wier e Parkhaus, seet den David Viaggi. Eng ganz Partie Froe mussen nach am Kader vum Ausschaffe vum PAP, dem Plan d'aménagement particulier, gekläert ginn. Den CSV Buergermeeschter Jos Schummer schléisst net aus, datt déi Prozedur deemnächst scho géif lancéiert gëtt, zäitgläich zu där vum PAG. "Si wiere gutt beroden, dat wäert och geschéien, do sinn ech mir scho bal sécher, datt se parallel zum PAG de PAP matschaffen", sou de Jos Schummer.

Gemeng soll profitéieren

Duerch d'Bänk war et virun allem d'Fuerderung, datt Transparenz am Dossier Data Center soll gewise ginn. An datt d'Gemeng och vum Projet vun nationalem Interêt profitéiere kéint an d'Liewensqualitéit erhale bleiwe soll, seet den David Viaggi. Fir den Duerchgangsverkéier an de Verkéier um Rouscht bewältegen ze kënnen, missten déi néideg infrastrukturell Mesuren elo ëmgesat ginn, virun allem zwee nei Rond-Pointe misste séier gebaut ginn. D'Gemeng misst do weider Drock maachen.

Eng Meenung, déi de Buergermeeschter Jos Schummer deelt.

Den Terrain gehéiert dem Internetkonzern schonn. Google huet awer nach net confirméiert, datt effektiv en Datenzenter zu Biisse soll gebaut ginn.

Keng aner Notzung vun Terrain méiglech

D'Fläch vu ronn 35 Hektar ass als "zone spéciale Data Center" klasséiert ginn. Konkret heescht dat, datt an dëser Zon nëmmen d'Aktivitéit vun engem Data Center dierf stattfannen, seet de Buergermeeschter Jos Schummer. Ouni Modifikatioun dierft keng aner Zort vun Aktivitéit an dëser Zon geschéien.

D'Bierger hunn elo an enger nächster Phas 30 Deeg Zäit fir Abléck an den Dossier op der Gemeng ze kréien a méiglech Reklamatiounen eranzereechen. Doropshi kann et nach zu punktuellen Ännerungen am PAG virum zweete Vott kommen.