Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gramegna-Pläng fir Stock options komme gutt un

Steierpolitik

Gramegna-Pläng fir Stock options komme gutt un

D'Majoritéitsparteien, grad wéi d'CSV an d'ADR begréissen, datt d'Stock options méi strikt encadréiert ginn. Mat dësem Instrument kënne Firmen een Deel vum Loun a Form vun Optiounen op Aktien ausbezuelen, wat steierlech Avantagë matsechbréngt. De Staat verzicht doduerch all Joers op bis zu 180 Milliounen € Recetten.

auto_stories

2 min

Bäitrag Stock Optionsplay_arrow

Dem Finanzminister Pierre Gramegna no si mat de Stock options Abuse geschitt. An zwar well se den Ament net op Bedeelegungen un der eegener Firma limitéiert sinn. Dat wéilt hien änneren, sou den DP-Minister am 100,7-Interview. Dat Instrument soll an Zukunft och net méi einfach iwwer Circulaire gereegelt ginn, mä iwwert e Gesetz.

Den Alex Bodry, President vun der LSAP-Fraktioun, hält doriwwer eraus nach Ännerungen um aktuelle Regimm fir méiglech. "Aner Optioune bestinn doranner, de Prozentsaz eropzesetzen, respektiv eng Relatioun hierzestellen tëschent dem fixe Revenu, deen ee kritt, an dem Revenu, deen ee kann iwwer Stock options kréien", sou den Alex Bodry.

Gesetzprojet ofwaarden

Och déi gréng Fraktiounscheffin begréisst, datt d'Regierung ee Gesetz an d'Weeër leet. D'Viviane Loschetter wéilt sech awer eréischt am Detail äusseren, wann ee Gesetzprojet virläit.

Et géif een elo op eng Propose vum Finanzminister waarden, sot sengersäits deem säi Parteikolleg Eugène Berger. "Soubal déi éischt provisoresch Texter fäerdeg sinn, gi se duerch déi eenzel Fraktioune respektiv bei d'Spezialiste vun de Leit vun der Koalitioun, ier se definitiv wäerten deposéiert ginn", sot de President vun der DP-Fraktioun an der Chamber.

"Gutt Iddi, mä Zil verfeelt"

Och déi gréissten Oppositiounspartei ass grondsätzlech averstane mat der Demarche vum Finanzminister. Den CSV-Deputéierte Gilles Roth hat zejoert d'Ofschafe vun der Circulaire iwwert d'Stock options gefuerdert ... dat, obwuel d'Instrument a senger aktueller Form vum fréieren CSV-Finanzminister Luc Frieden staamt.

D'Instrument wier gutt geduecht gewiescht, d'Zil hätt een awer vläicht verfeelt, sou de Gilles Roth: "D'Stock options sinn op Fiduciairen applizéiert ginn, ech menge souguer op Handwierksbetriber. A mengen Informatiounen no ass net auszeschléissen, datt et a Betriber ugewannt gëtt, wou de Staat eng Participatioun drun huet".

Wann d'Stock options elo op Bedeelegungen un der eegener Firma an op Start-ups limitéiert géife ginn, wier d'CSV domadder averstanen, esou de Gilles Roth.

Den ADR-Deputéierte Roy Reding begréisst prinzipiell déi geplangte Reform. Hie géif sech awer d'Fro stellen, wéi een Abusen effektiv ka verhënneren. Fir säin Deel hält den David Wagner, Deputéierte vun déi Lénk, d'Stock Options grondsätzlech fir ee steierlechen Avantage fir Leit mat besserem Akommes, dee sech net rechtfäerdege léisst. Och net mat de geplangte Restriktiounen.