Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gratis Contraceptioun: "Et wäert manner Ofdreiwunge ginn"

Planning Familial

Gratis Contraceptioun: "Et wäert manner Ofdreiwunge ginn"

Et kéint een "absolut dovun ausgoen", datt an Zukunft manner ofgedriwwe gëtt, wann d'Contraceptioun bis komplett vun der Gesondheetskeess rembourséiert gëtt, seet d'Ainhoa Achutegui. D'Presidentin vum Planning Familial kritiséiert awer, datt et zu Lëtzebuerg keng komplett Statistiken iwwer Ofdreiwunge gëtt.

auto_stories

3 min

D'Ainhoa Achutegui ass Presidentin vum Planning Familial. Foto: Archiv

De Gesondheetsministère hat d'lescht Woch matgedeelt, datt d'Gesondheetskeess deemnächst all Contraceptiounsmëttelen ouni Alterslimitt wäert rembourséieren. E geneeën Datum dofir gëtt et awer nach net.

Net genuch Donnéeën iwwer Ofdreiwungen

Den Duerchschnëttsalter vun de Fraen, déi ofdreiwen, läit beim Planning am Moment bei 27 Joer. D'Ainhoa Achutegui kritiséiert, datt et zu Lëtzebuerg net méi allgemeng Zuelen iwwer d'Ofdreiwunge géif ginn. Momentan huet de Planning just seng eege Statistiken. Et bräicht ee méi verlässlech Statistiken, fuerdert d'Presidentin vum Planning Familial.

De Planning kéint net wëssen, wéi vill Fraen op anere Plazen ofdreiwen, wat fir Dokteschen an Dokteren an hire Consultatiounen Ofdreiwunge maachen. Et géif hei un Donnéeë feelen.

De Planning Familial fuerdert dofir, datt eng detailléiert Etüd doriwwer gemaach gëtt, wéi vill Ofdreiwungen hei am Land gemaach ginn, an a wéi enge Strukturen dat geschitt.

Wéineg Plaintë wéinst sexuellem Mëssbrauch

90 Leit hu sech d'lescht Joer wéinst sexuellem Mëssbrauch beim Planning Familial gemellt, déi allermeescht dovu ware Fraen. Mee nëmmen a 14 Prozent vun de Fäll gouf eng Plainte gemaach.

Vill Frae wieren an enger "ganz komplizéierter Situatioun", erkläert d'Ainhoa Achutegui, do géife "ganz vill psychologesch Facteure matspillen":

"Et ass net de schlëmme Mann vun der Strooss, dee si vergewaltegt huet, ganz dacks ass et den eegene Mann, oder eng Persoun aus der Famill. Da brauch ee vill méi Zäit. De Planning schafft ganz vill mam Umedo, mat der Afferambulanz zesummen. Do ginn d'Fraen dann hi geschéckt, an de Planning mécht eng komplett Prise en charge vun där Persoun. Mir hu Sexologinnen, Psychologinnen, Beroderinnen an och eng Assisstante sociale, déi der Persoun kann hëllefen."

Zu Lëtzebuerg géif et gutt Netzwierk un Associatioune ginn, déi op deem Theema zesummeschaffen. Méi Informatioune fënnt een op violence.lu.

D'Verjärung vum Mëssbrauch ophiewen

Momentan gesäit d'Gesetzgebung vir, datt een no engem Mëssbrauch zéng Joer Zäit huet fir viru Geriicht ze goen. D'Regierung wëllt deen Delai verlängeren oder ganz ofschafen. D'Ainhoa Achutegui begréisst déi Initiativ, dat wier ganz wichteg.

"Wann eng Persoun an enger traumatescher Bezéiung ass oder en traumatescht Erliefnis hat, da muss ee vläicht fir d'éischt eng Therapie maache fir dat opzeschaffen. An dofir sinn zéng Joer net genuch."

D'Ainhoa Achutegui plädéiert dofir, datt d'Zäitlimitt komplett ofgeschaaft gëtt. Et wier och e symbolesche Message géigeniwwer der Gesellschaft fir ze soen, datt eng "Rape Culture" net ënnerstëtzt gëtt. "Mir sinn do dogéint, dat ass net normal."